Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elisabeth Margue: CSV-Parteiféierung ass "keng One-man-Show"

Justizministesch an CSV-Parteicheffin

Elisabeth Margue: CSV-Parteiféierung ass "keng One-man-Show"

D'Elisabeth Margue ass déi nei Justizministesch. Doriwwer eraus ass Si awer momentan och déi eenzeg Parteicheffin an der CSV. Dat, well den neie Chamberspresident, de Claude Wiseler, säi Posten als President néier geluecht huet. Ob Si weider mécht, wéisst Si nach net. 

auto_stories

2 min

headphones

15 min

D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt play_arrow
Déi nei Justizministesch Elisabeth Margue. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Claude Wiseler hat et virun aacht Deeg hei am Interview ugekënnegt, e Méindeg huet hien et offiziell gemaach: Hien géif sech als Co-President vun der CSV zréckgezunn, well Parteispëtzt a Chamberprésidence a sengen Aen net matenee kompatibel sinn.

Bis de Mäerz dat anert Joer ass d’Elisabeth Margue also eenzeg Parteicheffin. Ob si doriwwer eraus weider mécht, wéisst si haut nach net, sot déi nei Ministesch am 100,7-Interview.

"Dat Eenzegt, wat fir mech kloer ass, datt dat keng One-man-Show ass, dass een dat als Equipe mécht. Dat kann ee, muss een awer net mat Duebelspëtzte maachen: mee et ass op d’Mannst ëmmer ee President an ee Generalsekretär, déi gutt musse matenee funktionéiere wann dat soll eppes ginn."   

Wéi séier kënnt een an Zukunft virun de Riichter?

Wat de Ressort vun der Justiz ugeet, do ass d’”Comparution immédiate” eng Fuerderung, déi souwuel d’CSV wéi och d’DP am Walprogramm stoen haten. Dofir ass et net verwonnerlech, datt dat Konzept och an de Regierungsprogramm ageschriwwe gouf.

“Comparution immédiate” bedeit, datt Auteure vu klengen Infraktioune méiglechst direkt virun e Riichter solle gestallt ginn. Woubäi nach muss decidéiert ginn, wat “direkt” an deem Kontext bedeit: een Dag? Eng Woch? E Mount? Dat misst nach gekuckt ginn, sot déi nei Justizministesch Elisabeth Margue am Interview.

"Wéi eng Zäitschinn, dat genau ass a bleift à déterminer. Dat wat kloer ass, datt dat natierlech nëmme ka geschéien am Respekt vun den droits de la défense. Den Dag selwer kann ech mir kaum virstellen, datt déi solle garantéiert sinn. Do wou mir eis eens sinn ass d’Konditioun, datt de Prévenu muss d’accord sinn op dee Wee ze goen. Dat muss an deen Text mat afléissen. Fir de Rescht musse mir elo kucken, bei wéi engen Typ vun Infraktiounen an a wéi engem Zäitkader dat gemaach gëtt. Mee fir mech ass kloer, datt ee sech fir d’alleréischt muss kënne mat sengem Affekot beroden, ob een dat wëll oder net, an dann och kënnen déi Decisioun selwer huelen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft