Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Nubiyan Twist - So Mi Stay

play_arrow Live
search

/ Israel gëtt zur Liwwerung vun Hëllefsgidder verflicht 

Internationale Geriichtshaff Den Haag

Israel gëtt zur Liwwerung vun Hëllefsgidder verflicht 

Den Internationale Geriichtshaff vun Den Haag huet gëschter Israel verflicht fir séier a massiv méi Hëllefsgidder an d‘Gazasträif eranzeloossen. Et géif kee Risk méi vun enger Hongersnout ginn, mee déi wier schonn do, esou d‘Geriicht. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Israel muss bannent engem Mount dem Geriichtshaff e Rapport iwwer d'Mesurë maachen, déi ëmgesat goufen.

Wéineg impressionéiert huet sech den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu gewisen. Hien hat eng Reunioun mat Familljemembere vu Geiselen a sot, den israeeleschen Asaz an der Gazasträif schaaft den néidegen Drock dee gebraucht gëtt, fir d‘Geisele vun der Hamas fräizekréien.