Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - By This River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel versprécht méi humanitär Hëllef - Biden verlaangt Accord zur Geiselfräiloossung  

Noen Osten

Israel versprécht méi humanitär Hëllef - Biden verlaangt Accord zur Geiselfräiloossung  

Aktuell gëtt nach ëmmer drop gewaart, datt d’Hëllefscouloiren, déi Israel annoncéiert huet fir déi humanitär Hëllef an d'Gazasträif eranzeloossen, sollen operationell ginn. Iwwerdeems fuerdert den Joe Biden een direkten Accord wat d'Fräiloossung vun de Geiselen an der Gazasträif ugeet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance play_arrow
Hëllefsgidder, déi am November an d'Gazasträif geliwwert gi sinn. (Foto: picture alliance)

An der leschter Nuecht huet Israel decidéiert, kuerzfristeg de Grenziwwergang Erez am Norden, an den Hafe vun Aschdod fir Hëllefsliwwerungen opzemaachen. Den internationalen Drock op Israel gouf ëmmer méi staark, besonnesch nom Telefonsgespréich tëscht dem amerikanesche President Joe Biden an dem israeelesch Regierungschef Benjamin Netanjahu. 

Och aus Jordanie soll Hëllef kommen

Duerch déi zwou genannten Ouverturen - de Grenziwwergank Erez am Norde vun der Gazasträif an dem Hafen Aschdod - ass et méi einfach, dréngend noutwenneg Hëllef a besonnesch och Liewensmëttel do hin ze bréngen, wou se gebraucht gëtt.

A weider soll och iwwert de Grenziwwergank Kerem Schalom Hëllef aus Jordanien an d’Gazasträif era kommen.

Dem wäissen Haus no hätt den amerikanesche President Joe Biden de Bejamnin Netanjahu iwwer Telefon interpelléiert, eng Partie spezifesch a konkret Schrëtt ze entaméieren, fir d’Leed vun de Mënschen am Gazasträif ze minimiséieren, an d’Protektioun vun Hëllefsorganisatiounen ze garantéieren.

D'USA léinten hir Positioun am Konflikt nach änneren

Weider soll de Biden kloer gemaach hunn, datt déi zukünfteg amerikanesch Politik am Konflikt dovunner ofhänkt, wéi Israel déi genannte Fuerderungen elo ëmsetzt. No der Decisioun vun Israel, Mesuren ze huele fir méi Hëllef an der Gazasträif zouzeloossen, huet d’Porte parole vum nationale Sécherheetsrot vun den USA Adrienne Watson gesot, datt dat elo misst komplett a séier geschéien.

An engem israeelesche Communiqué vun de Moie fréi heescht et iwwerdeems, datt déi verstäerkt Hëllef fir d’Gazasträif eng humanitär Kris verhënnere kann, a se wier essenziell fir d’Suite vun de militäreschen Asätz, an och fir d’Ziler vum Krich erreechen ze kënnen.

D’Telefonsgespréich tëscht Biden an Netanjahu war dat éischt zanter der israeelescher Loftattack, wou 7 Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun World Central Kitchen ëm d’Liewe koumen. Zanter deem ass den internationalen Drock op Israel méi grouss ginn.

Fräiloossung vu Geiselen: Biden verlaangt "direkten Accord"

Am Telefonsgespréich huet den US-President vum israeelesche Premier donieft verlaangt, „direkt“ een Accord ofzeschléissen, fir ee Fräiloosse vun den israeelesche Geiselen, déi zënter bal engem hallwe Joer vun der Hamas an der Gazasträif festgehale ginn.

Den Joe Biden soll däitlech gemaach hunn, datt hien der Meenung ass, datt de Benjamin Netanjahu net alles dofir ënnerhëlt, a sech méi flexibel misst weise fir zu engem Geiselaccord ze kommen.

Dëse Weekend sollen den Direkter vun der amerikanescher CIA a vum israeelesche Geheimdéngscht Mossad zu Kairo mat Vertrieder aus Katar an aus Ägypten schwätzen, fir ee Fräiloosse vun de Geiselen ze erreechen.

Israeelesche Schätzungen no sollen nach knapp 100 Geisele liewen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Noen Osten
Politik