Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Mulatu Astatke - Tezeta (Nostalgia)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritt d'Ursula Von der Leyen een neien Image duerch de konservativen EVP-Manifest?

No der offizieller Nominatioun

Kritt d'Ursula Von der Leyen een neien Image duerch de konservativen EVP-Manifest?

Den Donneschdeg gouf d'Ursula von der Leyen zu Bukarest offiziell zur Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei nominéiert. D'EVP-Manifest gesäit fir d'Zukunft eng méi strikt Migratiounspolitik an eng méi staark Verdeedegungs- a Sécherheetspolitik vir. Kritt déi éischter liberal Ursula Von der Leyen doduerch een neien Image?

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Zu Bukarest huet sech d’EVP hannert d’Spëtzekandidatin Ursula von der Leyen gestallt. Do gouf déi aktuell EU-Kommissiounspresidentin formell als Spëtzekandidatin vun der chrëschtlech-konservativer Parteifamill opgestallt. An dem 23-Säite laange Manifest vun der EVP, dee schonn e Mëttwoch gestëmmt gouf, geet et ënnert anerem ëm eng méi strikt Migratiounspolitik an eng méi staark Verdeedegungs- a Sécherheetspolitik.

An hirer Ried um Kongress vun der EVP zu Bukarest huet sech d’Ursula von der Leyen fir méi Fridden, Fräiheet a Wuelstand ausgeschwat. Weider ass et awer och drëms gaangen, méi an d’Defense ze stiechen. Dat ass der Ursula von der Leyen no essentiel fir déi europäesch Sécherheet. Dofir missten déi europäesch Memberstaaten an den nächste fënnef Joer vill Suen an hir Verteidegungsindustrie investéieren.

A Punkto Defense si sech CSV an EVP eens

Fir den CSV-Europakandidat Christophe Hansen bedeit dat awer net, datt d’EVP amgaangen ass méi konservativ ze ginn, oder méi no riets ze rëtschen. D‘Theema Defense misst an der Mëtt vum politesche Feld diskutéiert ginn.

„An ech mengen do situéiert d’EVP, an och d’CSV, sech an dat dierfe mir net deene rietsen iwwerloossen.”

D’CSV géif am grousse ganzen hannert der Linn vun der EVP stoen. Zum Beispill a Punkto Defense ass de Christophe Hansen ganz domat averstanen, datt d’EU, esou wéi et d‘Ursula vun der Leyen an hirer Ried erkläert huet, eng méi staark eege Produktiounskapazitéit brauch.

A Punkto Migratiounspolitik ass d‘CSV net mat der EVP averstan

Bei anere Punkten ass d’CSV awer net mat der EVP averstanen, sou zum Beispill bei der Migratiounspolitik. D’CSV wéilt d’Positioun vun der EVP, Migranten an Drëttstaaten auszeweisen, fir do hir Asyldemanden ze verschaffen, definitiv net matdroen, betount de Kandidat op der CSV-Europalëscht.

Fir de Christophe Hansen bedeit et och kee Widdersproch, wann d’Ursula von der Leyen an hirer Ried op den Erfolleg vun Ëmwelt- a Klimapolitik pocht, obwuel sech dat net am EVP-Manifest rëmfënnt.

D'EVP brauch och an Zukunft Majoritéite mat anere Parteien

Si misst och vun deenen anere raisonnabelen an pro-europäesche Parteien Ënnerstëtzung kréien. An dofir misst si eng Politik representéieren, déi och vun de Gréngen, vun de Sozialisten a vun de Liberalen zu groussen Deeler kéint matgedroe ginn.

„An ech mengen dat kann heiansdo fir verschidden EVP-Delegatiounen, déi villäicht méi konservativ sinn, unecken, mee trotzdeem fannen ech et wichteg, datt mir do eng grouss Ouverture hunn.”

Eppes ass fir de Christophe Hansen awer ganz kloer: D’Partei vu der Giorgia Meloni Fratelli d’Italia hätt näischt an der EVP verluer. Den EVP-Fraktiounschef Manfred Weber hat sech d’lescht Joer oppe gewisen, fir dës Partei an déi europäesch Vollekspartei opzehuelen. De Christophe Hansen huet sech awer kloer géint eng strukturell Zesummenaarbecht mat der riets-radikaler Fratelli d’Italia ausgeschwat.

Aktualitéit
Europa
Europawalen