Radioen

On air

Tockcity  |  Barbara Dennerlein - Funkish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LISER-Etüd: Präisdeierechten a Krise betreffen elengerzéiend Fraen am stäerksten

Chancëgläichheet

LISER-Etüd: Präisdeierechten a Krise betreffen elengerzéiend Fraen am stäerksten

Elengerzéiend Frae si vu Präisdeierechten a Krisen, notamment der Logementskris zu Lëtzebuerg, am stäerkste betraff. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi de LISER zesumme mam Ministère fir Chancëgläichheet virgestallt huet. Mee wat wëll d'Politik dogéinter maachen?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Fra Mamm Kand elengerzéiend | © Bigstock / nestea06 play_arrow
Foto: Bigstock

D’Zuele baséieren op enger europäescher Enquête vum Liser (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) aus dem Joer 2019. Deemno éier déi aktuell Krisen d’Präisser nach weider an d’Luucht gedriwwen hunn. 

D'Depensë bei Männer a Frae variéieren

D’Inflatioun betrëfft Männer a Fraen. Kuckt ee sech d’Statistik un, gesäit et aus, wéi wann d’Fraen d’selwecht vill vun der Inflatioun betraff wieren, wéi d’Männer. Dat wier fir si net iwwerraschend, esou d’CEO vum Liser, d’Aline Muller.

"Mee wann een awer kuckt, wat fir een Impakt op deene verschiddene Kategorië vun Depensen ass, do gesäit een eigentlech, datt d’Fraen déi Haapt-Besoins-Depensë fir si vill méi wichteg sinn, an datt si do wierklech déi Hausse vun der Inflatioun gespiert hunn, an datt dat hiren Akommes fir dat Anert vill méi niddereg gemaach huet. D’Männer, déi setzen d’Prioritéiten net esou héich op déi primär Besoinen a sinn da ganz aneschters vun der Inflatioun impaktéiert ginn."

Fir dës Etüd gouf ënner anerem den Taux d’effort gekuckt, also wéi vill vum gesamten Akommes fir de Logement muss genotzt ginn.

"De sprangende Punkt ass ass den Ënnerscheed tëschent enger Fra eleng mat Kanner, an engem Mann eleng mat Kanner. Do gesäit een effektiv eng däitlech Ongläichheet à la défaveur vun de Fraen."

Besonnesch fir Frae mat nidderegem Akommes, esou nach d’Aline Muller. An der Moyenne muss eng elengerzéiend Fra déi lount, d’Hallschent vun hirem Akommes fir de Loyer ausginn, heescht et nach an der Etüd.

LISER: Sensibiliséierungspolitik muss gemaach ginn

Fir d’Chancëgläichheetsministesch Yuriko Backes ass et wichteg, elo déi Zuelen ze hunn, fir datt och d’Politik agéiere kann. Méi eng selektiv Approche, speziell op Frae gemënzt, wéi beispillsweis d’Allocatioune fir de Logement bei Frae méi héich unzesetzen, gesäit si awer net als Léisung. Et géif jo schonn de Crédit d’impôt monoparental ginn, esou d’Chancëgläichheetsministesch.

"Deen ass elo net spezifesch op Frae gemënzt. Mee mir wëssen, datt trotzdeem déi elengerzéiend ganz oft a majoritär Frae sinn, soudass vun esou engem vläicht nach weider amelioréierten Crédit d’impôt haaptsächlech Fraen dann och kënne weider profitéieren."

Fir de LISER wier et elo wichteg, eng "Sensibiliséierungspolitik" ze maachen, déi d’Contraintë vun deene vulnerabelsten aus der Gesellschaft respektéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Fraerechter
Politik a Gesellschaft