Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Ravestar Supreme

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ LSAP kritiséiert d'Aarbechsverhältnisser vu Plattformaarbechter

Aarbechtswelt

LSAP kritiséiert d'Aarbechsverhältnisser vu Plattformaarbechter

Fir d'LSAP wier et wichteg, datt Plattformarbechterinnen an Aarbechter fair Aarbechtskonditiounen hätten an ofgeséchert wieren. Dat hunn d'Sozialisten op enger Pressekonferenz ënnerstrach. Dem fréieren Aarbechtsminister Georges Engel hätte si an hirer Zäit an der Regierung och well Viraarbecht geleescht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Plattformaarbechter bidden hir Déngschter iwwer eng App un, beispillsweis fir Iessen ze liwweren. Och Uber zielt zou där Kategorie. Dem Taina Bofferding no misst een an deem Fall de legale Kader och un déi reel Aarbechtswelt upassen.

D’Sozialiste géifen an enger Welt, déi sech séier ännert, de Wandel och net scheien, wann nei Aarbechtsformen entstinn, seet d’Fraktiounspresidentin.

“Well et kann net sinn, datt bei Technologië vum 21. Joerhonnert nees d’Aarbechtskonditioune vum 19. Joerhonnert herrschen.”

Um Pabeier géife Plattformaarbechter zwar als Independant schaffen, mee am Géigesaz zu engem wierklechen Independant géife si am Endeffekt net selwer decidéieren, wéini, respektiv wéi vill si wéilte schaffen. Doriwwer eraus wiere si fir Opträg vun engem Algorithmus ofhängeg, kritiséiert d'Fraktiounspresidentin Taina Bofferding. Ofhängegkeetsverhältnisser bräichten eng Reguléierung, Mindeststandarden a Schutzbestëmmungen.

Krittäre goufen ausgeschafft

De Georges Engel huet u seng Zäit als Aarbechtsminister erënnert an erkläert, datt hien een entspriechenden Avant-projet de loi ausgeschafft gehat hätt. Deen hätt hie mat an de Ministerrot geholl.

“Am Regierungsrot war d’DP net d’Accord, fir dee Projet duerchgoen ze loossen, an d’DP huet gesot: 'Mir waarden op d’Direktiv.'”

D’EU-Direktiv ass am Abrëll ugeholl ginn.

D’LSAP huet zu hirer Zäit am Aarbechtsministère Krittären ausgeschafft, fir datt d’Leit, déi an deem Beräich schaffen, e gudde Kader kréichen. Déi ausgeschaffte Krittäre wéilt d'LSAP am Code du travail an den Artikel 121-2 aschreiwen. 

Séier wuessend Plattform

Sollten e puer vun deene 7 Krittären erfëllt sinn, da wier sou ee Plattformaarbechter ee Salarié. Dem Georges Engel no wier elo, wou Uber annoncéiert huet, op Lëtzebuerg ze kommen, e gudde Moment, fir an deem Dossier aktiv ze ginn. An dofir bräicht säin Nofollger, de Georges Mischo, just een Tirang am Aarbechtsministère opzemaachen, fir d'Viraarbecht ze fannen.

D'Plattformaarbecht wiisst séier. Elleng an der EU sinn de Moment ronn 500 där Plattformen aktiv. D’Zuel vun de Leit, déi an deem Beräich schaffen, soll vun aktuell 28 op 43 Milliounen eropgoen. 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft