Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerg fir Diskussioun op EU-Niveau

Handyen an de Schoulen

Lëtzebuerg fir Diskussioun op EU-Niveau

Lëtzebuerg ass dofir, datt op europäeschem Niveau iwwert den Ëmgank mat Handyen an de Schoulen diskutéiert gëtt. Italien huet déi Initiativ ergraff a gouf dobäi gëschter op der Reunioun zu Bréissel vun den Educatiounsministeren aus der EU vun eelef Länner, dorënner Lëtzebuerg, ënnerstëtzt.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Lëtzebuerg wier iwwerzeegt, datt eng Regulatioun fir de Gebrauch vun Handyen iwwer deen an de Schoulen ewech misst seriö envisagéiert ginn, esou eng Vertriederin vun der Lëtzebuerger EU-Ambassade op der Sitzung zu Bréissel.

D’EU-Memberstaate sollen zesummen eng Recommandatioun ausschaffen, mam Zil dem Gebrauch vun Handyen an de Primärschoulen an am Secondaire entgéintzewierken.

Italieenesch Initiativ

Et misst doriwwer diskutéiert ginn, wéi ee responsabelen Ëmgank mam Handy an der Schoul sollt ausgesinn, esou den italieeneschen Educatiounsminister Giuseppe Valditara. Hien huet op wëssenschaftlech Etüde verwisen, iwwer den negativen Impakt vun Handye fir Kanner a Jugendlecher.

D’Europäesch Unioun kann op deem Gebitt keng Verbueter ausschwätzen. D’Educatioun läit an der Kompetenz vun de Memberstaaten.