Radioen

On air

Notturno  |  Will Sheff - Estrangement Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden wëllt déi europäesch Integratioun stäerken

Europaparlament

De Luc Frieden wëllt déi europäesch Integratioun stäerken

Lëtzebuerg wier stolz, eng vun den europäeschen Haaptstied an och ee Sëtz vum Europaparlament ze sinn. Dat sot de Premier Luc Frieden den Donneschdeg Mëtteg zu Bréissel am Europaparlament, wou hien op Visitt bei der Presidentin Roberta Metsola war.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Archiv

De Luc Frieden huet bei dëser éischter Entrevue mat der Parlamentspresidentin iwwer déi grouss Dossiere geschwat, déi an der EU ustinn, ënner anerem en Vue vun den Europawalen.

Debat iwwer Reforme muss gefouert ginn

Et wier wichteg, eng Diskussioun iwwert méiglech Reformen an och Traités-Ännerungen ze hunn, sot d’Roberta Metsola no hirer Entrevue mam Lëtzebuerger Premier. Dat wier eng Demande vun den europäesche Bierger an et wier néideg, deen Debat ze féieren.

Schwéierpunkt op Reform

De Luc Frieden huet dozou eng änlech Äntwert gi wéi déi viregt Lëtzebuerger Regierung. De Schwéierpunkt sollt op Reforme geluecht ginn, déi méiglech sinn, ouni datt d’EU-Traitéë musse geännert ginn, heescht et vum Lëtzebuerger Premier am Europaparlament zu Bréissel.

“Ech sinn en Affekot, an déi änneren heiansdo gäre legal Texter. Ech sinn dowéinst net prinzipiell géint eng Diskussioun iwwer Traités-Ännerungen.”

Lauschterenplay_arrow

Fir d’éischt misst wer d’europäesch Integratioun verdéift ginn, betount de Premier. Dat géif hie gär esou vill an esou séier wéi méiglech maachen, an dofir och ouni mussen Traitéën ze änneren. De Luc Frieden denkt, et kéint een d’Integratioun an der EU verdéiwen a gläichzäiteg mëttelfristeg op Vertragsännerunge kucken.