Radioen

On air

Tockcity  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
search

/ MemoShoah: President, Vizepresident a Matgrënner verlängeren hir Mandater net

ASBL

MemoShoah: President, Vizepresident a Matgrënner verlängeren hir Mandater net

De Mil Lorang ass net méi President vu MemoShoah. Hien, grad wéi de Matgrënner Claude Marx an de Vizepresident vu bis elo Serge Goffinet, hunn hir Mandater am Conseil net verlängert, huet d'ASBL gëschter matgedeelt. Dat no der Generalversammlung, déi schonn Enn Mäerz war.

auto_stories

1 min

D'MemoShoah ASBL ass 2013 gegrënnt ginn. | © Jo Diseviscourt
D'MemoShoah ASBL ass 2013 gegrënnt ginn. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi dräi Ex-Membere vum Conseil géife wichteg Projeten awer weider ënnerstëtzen, heescht et.

D'ASBL MemoShoah gëtt elo vun der Marianne Beissel a vun der Brigitte Sinner-Keipes co-presidéiert.

MemoShoah gouf 2013 gegrënnt, fir d'Erënnerung un d'Shoah zu Lëtzebuerg oprechtzeerhalen.