Radioen

On air

Thé Dansant  |  Neil Diamond - Cherry, Cherry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vandalismus am Centre Pompidou zu Metz

Mat rouder Faarf

Vandalismus am Centre Pompidou zu Metz

Am Centre Pompidou zu Metz gouf gëschter a rouder Faarf de Message „MeToo“ op d‘Bild "L'Origine du monde" vum franséische Moler Gustave Courbet gesprayt. Déi franséisch lëtzebuergesch Kënschtlerin Deborah de Robertis hat dës Aktioun organiséiert, mam Titel: "On ne sépare pas la femme de l'artiste".

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Achim Prill
Foto: picture alliance / Zoonar | Achim Prill

Si sot der Agence France Presse, et wier eng feministesch Aktioun gewiescht. D‘Bild, op deem een de plakegen Ënnerleif vun enger Fra gesäit, war duerch Glas geschützt. Zwou Frae goufe festgeholl.

Deborah de Robertis hat an der Vergaangenheet scho Protest-Aktioune bei Konschtwierker an op anere Plaze gemaach. Si war 2020 vun der franséischer Justiz zu enger Strof vun 2.000 Euro verurteelt ginn, well si sech 2018 plakeg gewisen hat bei enger Grott am Sanctuaire zu Lourdes.