Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement Écologique: Ännerung am PNEC weder néideg nach nozevollzéien

Nationale Klima- an Energieplang

Mouvement Écologique: Ännerung am PNEC weder néideg nach nozevollzéien

D’Regierung géif e Réckschrëtt an der Energie- a Klimapolitik maachen. Dat seet Mouvement Écologique zu der Revisioun vum nationale Klima- an Energieplang, PNEC. Méi prezis, wat den Ausstig aus de fossillen Heizungen ugeet.

auto_stories

2 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

D‘Presidentin vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber, kann déi Ännerungen net novollzéien. Souwisou war d‘Obligatioun, fir fossil Heizunge mat méi propperen Technologien, wéi Wärmepompelen, ze ersetzen, nëmmen da virgesinn, wann d‘Heizung hätt missen ersat ginn, a wann ee mat finanziellen Ureizer a Fräiwëllegkeet d‘Klimaziler net géif erreechen.

Verantwortung op den Eenzelen „de falsche Wee“

D‘Obligatioun war also just eng lescht Etapp. Et hätt der Blanche Weber no kee Grond ginn, dat ze änneren.

Elo géif d‘Regierung sech aus der Responsabilitéit zéien a se den Eenzelen iwwerloossen.

„Den Eenzele soll ekologesch sinn, den Eenzele soll „sech rappen“, soen ech emol, den Eenzele soll sech beméien – dat ass de falsche Wee.“

Franz Fayot: Stellt reng fakultativ Mesuren a Fro

Och den LSAP Deputéierten a fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot, dee bei der Chamberkommissioun-Sëtzung d‘lescht Woch iwwert d‘Changementer am PNEC derbäi war, hätt et besser fonnt, d‘Obligatioun net ze sträichen.

D‘Hëtze verursaacht e Fënneftel vun de nationale CO2 Emissiounen. Wann een dann nach déi bestoend Instrumenter „verwässert“ an nëmmen op finanziell Subsiden an Incentive setzt, misst ee sech froen ob een d‘Ziler nach erreeche kann.

Zu de Berechnunge vum Statec, op déi de Minister Lex Delles sech beruff huet fir ze soen, Lëtzebuerg wier en Ligne mat senge Klimaziler, seet de Franz Fayot:

Ech hunn déi Chifferen net, ech hunn déi Berechnungen net gemaach, mee ech weess, dass dat souwisou schonn enk berechent ass.

Et brauch een e „last resort“

Och d‘Mouveco Presidentin Blanche Weber betount, datt d‘Klimaziler grad esou just erreecht ginn, mee kee weess ob dat och sou weider geet.

D‘Klimazuele kéinten sech séier nees änneren, a fir dann ze reagéieren, an d‘Klimaziler awer nach anzehalen, bräicht een eben, als „last resort,“ och d‘Méiglechkeet vu contraignante Mesure.

An dat ëmsou méi, betount nach d‘Blanche Weber, well een och net wéisst, wéi mat de finanziellen Hëllefe fir d‘Ersetze vu fossillen Heizunge weider geet.

Si bedauert, datt alles wat d‘Regierung den Ament seet, drop hindeit datt se „déi Top-uppe wäert kierzen.“