Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Indeed It Is

play_arrow Live
search

/ Nuetsfrascht: Lëtzebuerger Wënzer komme mat engem Bloen A dovun

Weltwäit déi schlechtst Recolte zënter 1961

Nuetsfrascht: Lëtzebuerger Wënzer komme mat engem Bloen A dovun

Déi lescht Deeg waren d‘Nuetstemperaturen déif gefall an et gouf deels Nuetsfrascht. An de Wäibierger op der Musel schéngt sech de Schued, deen doduerch entstanen ass, awer a Grenzen ze halen. Am Ausland sinn d'Wënzer grad nämlech vill geplot.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Wäibierg Frascht | © picture alliance/dpa | Daniel Schäfer play_arrow
An Däitschland sinn d'Wënzer mam Frascht geplot. (Foto: picture alliance/dpa | Daniel Schäfer)

Et wier ee mat engem Bloen A dovukomm an d’Situatioun wier net sou schlëmm, wéi an anere Wäibauregiounen. Dat sot de Beroder Christopher Simon vum Institut Viti-Vinicole zu de Schied op der Musel, déi duerch de Frascht entstane sinn.

Do wieren éischter Wéngerte betraff, déi a Fraschtlächer leien oder wou eng Mauer ënnert dem Wéngert ass, soudatt déi kal Loft net fortkënnt. Wéngerten dogéint, déi méi uewe Richtung Bierg leien, wiere manner concernéiert, well déi kal Loft do offléisst.

Norde vun der Musel méi staark betraff

Nawell koumen och zum Deel schlecht Noriichten aus de Lëtzebuerger Wéngerten, mat Fraschtschued op verschiddene Plazen. Dat virun allem méi am Norde vun der Musel, tëscht Waasserbëlleg an Ohn, wou deelweis Wéngerte sinn, déi komplett beschiedegt wieren, bedauert de Christopher Simon.

Ënner Ohn wier et besser, woubäi d’Situatioun staark variéiere géif, sou de Christopher Simon. De Schued hätt vum Ausdriff ofgehaangen.

“Wat am Fong och de grousse Problem dëst Joer war, datt mir een extreem fréien Ausdriff haten, a mir sinn der Entwécklung zwou Woche viraus gewiescht. Dat heescht, déi gréng Driff, déi si schonn all geschoss gewiescht, an do geet scho - 1, - 2 Grad effektiv duer, fir datt de Schued kënnt."

Assurancen a Subsiden, déi hëllefen

Dem Wäibauberoder beim Institut Viti-Vinicole ass kee Betrib bekannt, dee Lagerfeieren an de Wéngerte gemaach hätt. Där wieren zum Deel a Frankräich an an Däitschland agesat ginn, mee hätten ënnert dem Stréch net vill gehollef. Et wier och onkloer, ob dat eng Léisung fir d’Zukunft ass.

D’Wënzer hei am Land géife vill mat Assurancë schaffen, virun allem géint Knëppelsteng a Frascht. Donieft kréiche si och e Subsid vum Staat.

“Deen hëlleft do de Wënzer zum Deel ganz, ganz gutt, an dat ass elo och effektiv eng Rettung fir d’Wënzer.”

Et wier schonn e Luxus am Verglach mam Ausland, wat d’Wënzer hei kréien, sot de Christopher Simon.

Iwwregens goufen d‘lescht Joer weltwäit 10 Prozent manner Wäi produzéiert, wéi dat Joer virdrun. Schold dorunner wieren extreem Ëmweltkonditiounen, ewéi Dréchent a Bränn. Dat huet déi international Organisatioun fir Riewen a Wäin matgedeelt. Et wier déi schlechtst Wäirecolte zënter 1961 gewiescht, esou hire Constat.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Ëmwelt