Radioen

On air

Europawalen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asaz vu chemesche Produiten an der Landwirtschaft geet zeréck

Phytopharmazeutesch Produiten

Asaz vu chemesche Produiten an der Landwirtschaft geet zeréck

De Glyphosatverbuet huet dozou gefouert, datt hei zu Lëtzebuerg den Asaz vu schiedlechen a phytopharmazeutesche Produiten an der Landwirtschaft ëm bal d‘Hallschent zeréckgaangen ass. An awer ginn nach ëmmer 12 Tonnen där schiedlechster Produiten all Joer agesat.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Zu de phytopharmazeutesche Produite gehéieren och Pestiziden, Herbiziden an Nitrater.

Zanter 2017 ass den Asaz vu sougenannte Big Movers – dat sinn déi schiedlechst Produiten an der Landwirtschaft – ëm 47 Prozent zeréckgaangen.

Déi Chifferen publizéiert d‘Landwirtschaftsministerin Martine Hansen an enger parlamentarescher Fro vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring. An awer ginn nach ëmmer iwwer 12 Tonnen d‘Joer där sougenannte Big Movers an der Landwirtschaft agesat. Awer och déi Quantitéit ass an de leschte Joren zeréckgaangen ëm 27 Prozent. Haaptsächlech duerch ekologesch Mesuren am Agrarsecteur, sou d‘Ministerin.