Ronn 70 Leit waren op der Plaz. Och den Aarbechtsminister Georges Mischo war op der Plaz an huet mat de Responsabele vun OGBL an LCGB geschwat.
Den Ament sinn nach 150 Mataarbechter:innen um Site zu Diddeleng aktiv, déi sech ëm d’Maintenance këmmeren. Gläichzäiteg sollen si sech awer eng nei Aarbecht sichen oder Chômage ufroen, heescht et. Et wier awer och méiglech, datt si vun engem neie Repreneur kéinten iwwerholl ginn.
Fir eng Reprise muss als éischt gréng Luucht vum Staat kommen, deem gehéiert de Site zu Diddeleng. Den tierkesche Konzern wëllt sécher sinn, datt d’Reprise och rentabel wier. An deem Kader kritiséieren d’Gewerkschaften, datt dëse Prozess einfach ze laang géif daueren.
Den Aarbechtsministère wäert sech e legale Kader ginn, fir esou Situatiounen zukünfteg ze verhënneren. Dat sot de Minister Georges Mischo nom Konjunkturcomité an der Manifestatioun vun LCGB an OGBL virum Wirtschaftsministère.
Sou eng Situatioun hätt et nach ni ginn
Enn d’lescht Joer gouf d’Liberty Steel-Wierk faillite erkläert, nodeems zanter Mäerz 2021 schonn net méi um Site geschafft gouf. E potenzielle Repreneur ass zwar fonnt, e Kontrakt gouf bis ewell awer nach net ënnerschriwwen. An hei läit d’Kromm an der Heck, well d’Salariéen hunn aktuell keen Employeur a kënnen deemno, dem aktuelle Gesetz no, net vun engem Plan de maintien dans l’emploi profitéieren a kréie kee Salaire méi. Mat sou enger Situatioun war nach kee konfrontéiert, seet de Georges Mischo
"D'Aarbechtswelt, déi evoluéiert enorm séier. A mir musse kënnen op esou Situatioune reagéieren. An dofir musse mer dann d'Gesetz och adaptéieren. Mee och dat ass elo net iwwer d'nächst Woch fäerdeg."
Wou de Prozess vun der Reprise drun ass, dozou gouf et de Moie keng nei Informatiounen. Am Februar war bekannt ginn, datt den tierkesche Stolgrupp Tosyali Holding drun interesséiert wier, fir de Site opzekafen. En Datum dofir gëtt et awer nach net. D’Zukunft vun de Salariéen am Diddelenger Stolwierk ass deemno nach ëmmer net gekläert, eng belaaschtend Situatioun, wéi si betounen.