Radioen

On air

Concert  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Quartett fir Hautbois a Sträicher a Fa Majeur, K. 370, I. Allegro - Ensemble Pyramide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL an déi Lénk reagéieren ënnerschiddlech op d'Hëllefsmesuren

Kris am Bausecteur

OGBL an déi Lénk reagéieren ënnerschiddlech op d'Hëllefsmesuren

Den OGBL begréisst d‘Decisioun vun der Regierung, déi verschidde Branchen am Bausecteur offiziell an der Kris declaréiert huet, warnt awer gläichzäiteg, datt elo misst drop opgepasst ginn, datt keen Abus bedriwwe gëtt. Déi Lénk fäerten, d'Mesurë kéinte kontraproduktiv sinn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Den OGBL mengt, datt ee sécherstelle misst, datt och wierklech nëmmen Entreprisë vum Chômage partiel profitéieren, déi wierklech Probleemer hunn, well d‘Aktivitéiten am Bausecteur méi lues lafen.

De Chômage partiel dierft och déi eenzeg Mesure sinn, ee plan de maintien dans l‘emploi géif nach aner Mesurë beinhalten an déi misste vu Fall zu Fall, dat heescht vu Betrib zu Betrib, ausgeschafft ginn.

Déi Lénk: Problem gëtt net un der Wuerzel ugepak

„Den neie Luc recycléiert schlecht al Iddien“, sou d‘Reaktioun vun déi Lénk op d‘Mesuren, déi elo fir de Bau- an de Logementsecteur geholl ginn. Déi ugekënnegt Mesuren, wéi Steiererliichterungen a Stäerkung vun der Kafkraaft, wieren näischt Neies. De Luc Frieden géif rëm dat selwecht politescht Rezept benotzen, dat scho virdrun an eng Sakgaass gefouert huet.

Dës Mesurë riskéieren net nëmme kontraproduktiv ze sinn, mee si géifen de Problem – also de Manktem u bezuelbarem Wunnraum – net un der Wuerzel paken, sou déi Lénk an engem Communiqué.