Radioen

On air

19:00  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Politik ass sech weiderhin oneens a Saachen Atomenergie

Atomenergie

D'Politik ass sech weiderhin oneens a Saachen Atomenergie

En Nee zu den Atomzentralen op der franséischer a belscher Grenz, mee e Jo zur Fuerschung a Saachen Nuklearenergie. Sou positionéiert den CSV-Deputéierte Jeff Boonen seng Partei am leschte Chamberdebat. Aner Parteien deelen dës Positioun awer net.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Atomkraaftwierk Stock | © Bigstock play_arrow
Atomkraaftwierk a Frankräich (Foto: Bigstock)

Wärend de leschte Woche gouf vill iwwer d'Aussoe vum Premier Luc Frieden zur Atomenergie diskutéiert. An engem Interview um Bord vun engem EU Sommet hat hie betount, datt déi nei Lëtzebuerger Regierung par rapport zur Atomenergie manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert wier. 

Atomenergie wier eng Realitéit

D’CSV wier nach ëmmer dofir, datt déi Atomzentralen an der franséischer a belscher Grenzregioun missten zougemaach ginn. Atomkraaft wier och net nohalteg, betount de Jeff Boonen. Dat géif um Problem vum Offall an der Gefor vun den Accidenter leien. Aus deem Grond sollte bestoend Anlagen nëmme weidergefouert ginn, soulaang d'Sécherheet kéint garantéiert ginn. Iwwerdeems wier d'CSV och rëm dem Aktiounscomité géint Atomenergie bäigetrueden. 

"Och am Koalitiounsaccord mengen ech steet, datt d'Anlagen an der noer Géigend sollen zougemaach ginn, wann d'Sécherheet net méi garantéiert ass." 

Allerdéngs wier d’Atomenergie eng Realitéit, heescht et weider vum CSV-Deputéierten. Dowéinst géif een d’Fuerschung an de Beräicher Entsuergung a Kernfusioun, wéi dat am europäesche Projet ITER de Fall ass, awer ënnerstëtzen.

Eng Positioun, déi vun den Oppositiounsparteie, mat Ausnam vun der ADR, kritiséiert gouf. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig war der Meenung, datt Lëtzebuerg sech an der EU géif isoléieren. 

"Et ass einfach nëmmen drëms gaangen, fir um Niveau vun der EU eng konstruktiv Politik ze maachen an eis net politesch ze isoléieren. Wa vill EU-Länner Atomenergie als wichteg ugesinn, da sollte mir dat och acceptéieren." 

Nëmmen 9 Prozent vun der Energieproduktioun

Atomenergie géif extrem vill kaschten an entgéint deem, wat ee géif mengen, wier den Undeel vun der Atomenergie am Konsum weltwäit net extreem héich. Dem gréngen Deputéierte François Bausch no wier Atomenergie ekonomesch gesinn total onrentabel. 

"Wann a Frankräich net mat Milliarden Zommen, iwwer Joerzéngten, déi nuklear Energie an Industrie finanziell gerett a gestëtzt gi wier, wier si scho laang net méi do." 

De François Bausch géif sech iwwerdeems wonneren, datt gesot gëtt, d'Atomenergie wier weltwäit um Virmarsch. Atomenergie géif weltwäit nämlech nëmmen 9 Prozent an der Energieproduktioun ausmaachen. 

All d'Oppositiounsparteien, ausser d'ADR, si sech eens, datt een déi Gelder, déi an d'Atomenergie gestach ginn, an erneierbar Energie misst investéieren. Den David Wagner vun déi Lénk ass der Meenung, datt een déi Investitioune géif verléiere fir aner Projeten ze finanzéieren. Fir hien hätte Projete wéi erneierbar Energien, ëffentlechen Transport a Sanéierunge vu Wunnenge Prioritéit. D’Piratepartei huet hirersäits gefuerdert, datt d'Atomenergie net méi sollt an d’Land importéiert ginn.   

Néi Iwwerleeungen 

Zu Lëtzebuerg géife 16 Prozent vum Energiekonsum selwer produzéiert ginn. De Rescht géif importéiert ginn. Dovu wiere 5 bis 6 Prozent vum Stroum aus Atomzentralen. Déi Zuele goufe vum Wirtschaftsminister Lex Delles presentéiert. Op Grond vun dëse Wäerter hätten erneierbar Energië fir d'DP absolut Prioritéit. 

"Dat weist ganz kloer, datt mir mussen aus där Dependance erauskommen, an datt mir massiv an erneierbar Energië mussen investéieren."

D'Prozedure missten iwwerdeems vereinfacht ginn. An et wier un der Zäit, néi Iwwerleeungen ze feieren, fir erneierbar Energien op Plazen ze aktivéieren, wou et bis haut nach net méiglech wier. 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt