Bei Caritas Jeunes et Familles war am November d’Vize-Presidentin vun der Personaldelegatioun fräi gestallt ginn, an Enn Februar dëst Joer dräi weider Membere vun der Delegatioun, dorënner de President. D'Vize-Presidentin vun der Delegatioun huet vun der Direktioun vu "Caritas Jeunes et familles" virgeheit kritt, net méi geschafft ze hunn. Si war dovun ausgaangen, ganz als Personaldelegéiert kënnen aktiv ze sinn. Déi aner dräi Delegatiounsmembere kréie Falschaussoen an dësem Dossier virgehäit.
De Georges Engel huet an der Chamberkommissioun fir Aarbecht betount, datt et sech an deem Fall ëm eng Situatioun handelt, déi net akzeptabel wier.
“Déi Leit, déi sinn Delegéiert, an déi vertrieden hei hiert Personal a si ginn awer hei an eng onméiglech Situatioun gesat, andeems si no der Mise à pied, wou si dräi Méint laang hire Salaire kënne weider halen, duerno kee Salaire méi hunn, well elo nach eng aner Affär drop komm ass, déi penal ass. A soulaang déi penal Affär net geschwat gëtt, ass och nach net d'Méiglechkeet do, fir datt dee Maintien de salaire da geschwat gëtt.”
Marc Baum: Noutfalls muss een handelen
D’Zoustëmmung an der Kommissioun wier grouss gewiescht, datt dëst keng akzeptabel Situatioun wier, esou nach de Georges Engel.
Momentan kéint een net vill maachen, well déi juristesch Prozedur nach amgaange wier, esou d’Carole Hartmann vun der DP. De Marc Baum vun déi Lénk seet dat och, verweist awer och drop, datt een noutfalls misst handelen, wann déi Prozedur ofgeschloss wier.