Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onugekënnegt Visitt vum US-Verdeedegungsminister zu Kiew

USA-Ukrain

Onugekënnegt Visitt vum US-Verdeedegungsminister zu Kiew

Haut ass den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin an der ukrainescher Haaptstad Kiew. Déi Visitt war virdrun net ugekënnegt ginn. Geplangt wiere Gespréicher mat der ukrainescher Regierung. 

auto_stories

1 min

Op X huet de Lloyd Austin geschriwwen, dass hie mat engem Message op Kiew géif kommen: d‘USA géifen der Ukrain weider bäistoen an hirem Kampf fir Fräiheet vun der russescher Aggressioun, elo an an Zukunft.

Scho gëschter hätt de Pentagon-Chef mat sengem ukraineschen Homolog telefonéiert. Si géifen d‘Videokonferenz vun nächste Mëttwoch preparéieren, wou d‘Länner, déi d‘Ukrain militäresch ënnerstëtzen, sech beroden.