Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Kurdesch Aarbechterpartei PKK kënnegt hir Opléisung un

Tierkei/Irak

Kurdesch Aarbechterpartei PKK kënnegt hir Opléisung un

Déi verbuede kurdesch Aarbechterpartei PKK huet annoncéiert, sech wëllen opzeléisen. Dat no engem bluddege Konflikt iwwer Joerzéngte mam tierkesche Staat.

auto_stories

1 min

Feier vum kurdeschen Neijooschfest 2023 | © picture alliance/dpa | Andreas Arnold
Feier vum kurdeschen Neijooschfest 2023 (Foto: picture alliance/dpa | Andreas Arnold)

Et wier decidéiert ginn, déi organisatoresch Strukture vun der PKK opzeléisen an een Enn mat der Method vum arméierte Kampf ze maachen, esou d’Noriichtenagence ANF, déi der PKK no steet.

Dëse Prozess soll vum Grënner vun der Organisatioun Abdullah Öcalan geleet ginn, deen zënter 1999 an engem tierkesche Prisong ass.

D’PKK reagéiert mat hirer ugekënnegter Opléisung op een Opruff vum Öcalan vum leschte Februar: Hien hat verlaangt, datt d’PKK d’Waffen néier leet a sech opléist.

Kampf géint d’Ënnerdréckung vun de Kurden

D’Partei vum tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, d’AKP, huet virsiichteg optimistesch op d’Entscheedung vun der PKK reagéiert.

D’PKK war 1978 vum Öcalan an der Tierkei gegrënnt ginn, an der Haaptsaach als Reaktioun op d’Ënnerdréckung vun de Kurden am Land. Zënter den 1980er Jore kämpft d’PKK fir ee kurdesche Staat oder fir een Autonomiegebitt am Südoste vun der Tierkei.

D’PKK gëllt an der Tierkei, der EU an an den USA als eng Terrororganisatioun.

Der Denkfabrick “International Crisis Group” no, si beim Konflikt iwwer 40.000 Mënschen ëm d’Liewe komm.