Radioen

On air

De Moien  |  Nubiyan Twist & Seun Kuti - Carry Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Persoune mat enger Behënnerung fuerdere méi Inklusioun

Gesellschaft

Persoune mat enger Behënnerung fuerdere méi Inklusioun

Ënnert dem Slogan „Net ouni eis“ hu sech e Samschdeg eng ganz Partie concernéiert Associatioune virun der Chamber versammelt. ASBLe wéi Zefi, Wäertvollt Liewen, oder Trisomie 21, fuerderen, datt si mat iwwert déi Gesetzer bestëmmen, déi si selwer betreffen.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Bigstock / vchal

Leit mat enger Behënnerung wëlle selwer iwwert d’Gesetzer a Mesuren decidéieren, déi den Ament nach net genuch op hir Besoinen zougeschnidde sinn, erkläert de Jean-Marc Scheer, Vize-President vun der Associatioun „Wäertvollt Liewen“. D’ASBL sëtzt sech fir Persoune mat ALS an. Enger Krankheet bei där de Kierper geläämt ass, d'Gehier awer nach fonktionnéiert.

Et géif een zwar ëmmer méi eescht geholl ginn, mee d‘Ministèren an déi héich Beamte wéissten net ëmmer genee, wat um Terrain wierklech gebraucht géif.

„Mir sinn an engem Fall wou eng Fra héchstwarscheinlech stierft, well déi néideg Saachen net kommen. Ech invitéieren iech bei Leit kucken ze komme wéi grausam, wéi krass dat ass wat mir hei fir déi schwéierst Fäll hunn. A mir hätten d’Méiglechkeeten.“

Keng adequat Betreiung doheem

Mënsche mat schwéier chronesche Krankheeten hätten net mol de Choix wa se wéilten doheem betreit ginn. An de leschte Jore wieren d’Fäll vun Euthanasie fir Leit mat enger chronescher Krankheet wéi ALS ëm iwwer 200 Prozent geklommen erkläert de Jean-Marc Scheer weider. Mat ALS hätt ee keng Iwwerliewenschance, well doheem net déi néideg Ënnerstëtzung gemaach géif ginn.

„D’Famillje ginn organisatoresch, psychesch a finanziell zu Gronn. An da gesäit den ALS-Patient, datt d’Famill sech drop mécht an denkt sech et wier vläicht besser ech wier net méi do.“

Fir déi Situatioun ze verbessere misst d’Assurance Dependance reforméiert ginn. Lëtzebuerg wier och eent vun de wéinege Länner an Europa dat keng perséinlech Assistenz hätt. Dobäi kéint esou eng Assistenz ville Mënschen hëllefen op d’Aarbecht, an d’Schoul ze goen oder och an bei der Gestaltung vun hirer Fräizäit esou d’Martine Kirsch.

E Gremium mat all de Concernéierten

Fir datt dës reell Besoine mat an déi politesch Decisioune kënnen afléissen, proposéiert d‘Presidentin vun der ASBL ZEFI (Zesumme fir Inclusioun) eng Zort „Consulting Board“ wéi et zum Beispill schonn an Éisträich gëtt. An deem Gremium wier jidderee regroupéiert, deen eppes mam Theema ze dinn huet: Enseignanten, Elteren a Kanner mat enger Behënnerung.

Fir de Familljeminister Max Hahn wier et eng Evidenz an eng Beräicherung fir déi betraffe Leit mat an déi politesch Decisiounen anzebannen.

Ënnert wéi enger Form Leit mat enger Behënnerung an Zukunft konkret solle mat agebonne gi konnt den DP Minister awer net soen.

Lauschterenplay_arrow

Gesondheet
Politik a Gesellschaft