Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Photovoltaikanlagen: Baisse vun de Präisser bedeit Baisse bei de Subsiden 

Energie

Photovoltaikanlagen: Baisse vun de Präisser bedeit Baisse bei de Subsiden 

D’Demanden no Photovoltaikanlage klamme weider. Zejoert si bal 2.500 Solar-Panelen vum Staat subsidéiert ginn. An den éischte 5 Méint vun dësem Joer sinn et der scho ronn 2.000.

auto_stories

1 min

Dat geet aus den Zuelen ervir, déi den Ëmweltminister Serge Wilmes op enger Pressekonferenz iwwer de Klimabonus Mobilitéit a Wunne presentéiert huet.

Wéi de Premier Luc Frieden schonn an der Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt hat, wäerten ab dem 1. Oktober dëst Joer nach 50 Prozent vun den Depensë fir eng Photovoltaikanlag vum Staat finanzéiert ginn. Bis ewell waren et 62,5 Prozent.

De Serge Wilmes erkläert, firwat:

"An et ass u sech lues a lues festzestellen, dass et eng Baisse gëtt vun de Präisser an de Photovoltaikanlagen. An dowéinst hu mir och do decidéiert, bësse mam Subside nees zeréckzegoen, a rëm op dee Regimm zeréckzekomme vu virun der Tripartite, well dat war jo och e spezifesche Kontext wou mir eben och eng Energiekris haten."

Et sollt een awer gesinn, och an den Zuelen, datt d’Demandë vun de Photovoltaikanlagen och an d’Luucht gaange sinn an och weider héich bleiwen, esou de Serge Wilmes.

Weider huet den Ëmweltminister annoncéiert, datt souwuel de Klimabonus Mobilitéit wéi och de Klimabonus Wunne bis den 30. Juni 2026 wäerte lafen. Duerno misst nei evaluéiert ginn.