Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plagiatsaffär Zhang-Dieschburg: Panneau vum Jeff Dieschburg violéiert d‘Auteursrecht

Justiz

Plagiatsaffär Zhang-Dieschburg: Panneau vum Jeff Dieschburg violéiert d‘Auteursrecht

An der Plagiatsaffär vun der amerikanescher Fotografin Jingna Zhang géint de Lëtzebuerger Moler Jeff Dieschburg gouf et de Mëtten am Appell e liicht anert Urteel wéi an 1. Instanz.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Déi zweet Riichter hunn nämlech fonnt, dass de Panneau mam Titel “Turandot” vum Jeff Dieschburg d‘Auteursrechter vun der Jingna Zhang violéiert.

De Jeff Dieschburg dierf net méi op dee Panneau zréckgräifen. Sollt dat awer geschéie misst hien 1.000 € pro Dag bezuelen, bei engem Maximum vun 100.000 €.

D’Fotografin hat virun zwee Joer behaapt, datt dat Bild eng Kopie wier vun enger vun hire Fotoen. Am Dezember 2022 haten déi éischt Riichter nach festgehalen, datt d’Bild net duerch d’Auteursrecht geschützt wär.