Radioen

On air

Thé Dansant  |  Aretha Franklin - Rock Steady

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Poopst François gëtt um Samschdeg begruewen

Vatikan

Poopst François gëtt um Samschdeg begruewen

De verstuerwene Poopst François gëtt e Samschdeg an der Basilika Santa Maria Maggiore begruewen. Dat deelt de Vatikan mat. Do virdrun ass am Vatikan d'Trauermass.

auto_stories

2 min

Poopst Francois | © picture alliance / Photosho
Poopst Francois (Foto: picture alliance / Photosho)

Italien huet nom Doud vum Poopst François 5 Deeg Staatstrauer ausgeruff. Wéinst den Trauerfeierlechkeeten an dem Begriefnis vum verstuerwene Poopst e Samsdegmoien um 10 Auer gëlle streng Sécherheetsreegelen zu Roum.

Zu Roum kommen haut eng Partie Kardineel zesummen, fir den Oflaf vun der Trauerfeier ze organiséieren. Fir d'Bäisetzung gi Perséinlechkeeten aus aller Welt erwaart, ënner anerem den Donald Trump, de Wolodymyr Selenskyj an den Emmanuel Macron hu schonn ugekënnegt, fir d'Begriefnis an Italien ze reesen.

A spéitstens 20 Deeg solle Kardineel aus der ganzer Welt an de sixtinescher Kapell zesummekommen, fir en neie Poopst ze bestëmmen.

De Lëtzebuerger Bistum schreift, d'Kierch géif ëm ee Mënsch traueren, deen net gezéckt hätt mat Courage an onkonventionelle Manéiere schwiereg Theemen an d'Debatt ze bréngen. Och de Grand-Duc Henri an de Premier Luc Freiden hu sech traureg iwwer den Doud vum Poopst gewisen.

Vatikan publizéiert Foto vum Poopst an der Doudelued

De Vatikan huet de Moien iwwerdeems éischt Fotoe vum verstuerwene Chef vun der kathoulescher Kierch a senger oppener Doudelued publizéiert. Hien huet op enger Foto eng wäiss Mitra um Kapp, e rout Massegewand un an a sengen Hänn ass ee Rousekranz. Nieft der Lued stinn zwee Schwäizer Garden. Mëttwochmoie gëtt d’Lued dann an de Péitersdoum bruecht. Do ass e Samschdeg de Moien d’Begriefnis. Duerno gëtt d’Lued an d’Basilika Santa Maria Maggiore transferéiert, wou de Poopst, wéi vun him gewënscht, seng lescht Rou fënnt.

De Poopst François ass am Alter vun 88 Joer un engem Hiereschlag gestuerwen. A spéitstens 20 Deeg solle Kardineel aus der ganzer Welt an de sixtinescher Kapell zesummekommen, fir en neie Poopst ze bestëmmen

De Poopst François ass de Méindeg am Alter vun 88 Joer un engem Hireschlag gestuerwen. Den Argentinier stoung zënter 2013 un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch.