Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roueg Stonne beim Akaafen

Den Hallwer Néng

Roueg Stonne beim Akaafen

D’Akafen am Supermarché ka fir verschidde Leit extreeme Stress bedeiten: Zevill hell Luuchten, ze vill Oflenkung, ze vill Leit. Fir Persounen, déi héichsensibel sinn oder och Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung oder ADHS ass et immens ustrengend, ville Reizer ausgesat ze sinn.

auto_stories

3 min

headphones

18 min

play_arrow
D'Joanne Theisen huet mat eis iwwer roueg Stonnen an den Supermarchéë geschwat. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

D’Joanne Theisen ass selwer autistesch. Wa Si an ee grousse Buttek akafe geet, dann ass dat ee richtegen Challenge: Ze vill hell Luuchten, , staark Gerëch, d’Piipse vun de Keesen, vill Oflenkung, an eng helle Wull vu frieme Leit. Dat provozéiert Stress bei héichsensibele Leit oder bei autistesche Persounen oder ADHS.

Konkret huet d’Joanne Theisen Schwieregkeeten, sech kloer ze konzentréieren. Deelweis vergësst Si, firwat Si am Buttek ass. D’Gehier géing an eng Zort Iwwerliewenszoustand schalten. Dat, well et déi vill simultan Informatiounen net verschafft kritt.

Keng Musek a gedimmte Luuchten 

Fir deem entgéingt ze wierken, gouf elo an zwee groussen Akafszentren op der Cloche d’Or an um Kierchbierg déi sougenannten “heures silencieuses”, also roueg Akafsstonnen, agefouert. Dës si geduecht, fir datt och autistesch Leit manner gestresst kënnen akafe goen. D’Luuchten am Buttek gi gedimmt, et leeft keng Musek, keng Annoncen an den Haut-parleuren an d’Keese piipse manner.

Bis elo huet d’Joanne Theisen sech ëmmer op d’Akafe virbereede missen. Iert Si lass gaangen ass, huet Si gekuckt, wéi et hir geet a wéi Si sech fillt. Dann ass et wichteg, ëmmer eng Akafslëscht dobäi ze hunn, huet si fir sech festgestallt. Am Buttek dréit si noice-cancelling Kopfhörer a lauschtert angeneem Musek. Nom Akafe brauch Si Zäit, fir sech ze erhuelen. Sech op d’Couche leeë mat enger gemittlecher Decken hëlleft fir sech nees ze entspanen. Duerch déi roueg Stonne géing dat awer deelweis ewechfalen, erkläert d’Joanne Theisen.

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Butteker mat Réckzuchsaum a Guiden

Eng Alternativ ass et natierlech och, a méi klenge Butteker akafen ze goen. Dat géing Si och maachen, seet d’Joanne Theisen. Mee elo hätte Si an aner autistesch Leit de Choix, och emol an eng grouss Surface kënnen akafen ze goen.

Déi roueg Auerzäite kéinten och nach ausgebaut ginn, seet d’Joanne Theisen. D’Mataarbechter:inne kéinte méi sensibiliséiert ginn, fir autistesch Clientë besser kënnen ze encadréieren. Och kéinte Guiden ausgeschafft ginn, déi weisen, wou am Buttek et méi haart ass a wou et kal oder waarm ass. Och ee Réckzuchraum wier denkbar, mat Sëtzgeleeënheete fir sech ze entspanen.

Nom Auchan op der Cloche d’Or an um Kierchbierg soll och elo d’City Concorde dobäikommen. Een Internetsite mat all de Butteker, wou roueg Stonnen ugebuede ginn, soll an noer Zukunft online goen. Bis dohi kann een um Joanne Theisen hirem Internetsite (joannetheisen.lu) oder um Site vun der nationaler Campagne “Roueg Stonnen – ech engagéiere mech” (watassnormal.lu) informéiert bleiwen.