Déi zwee méi uerg verwonnte souzen an deem Auto, an deem och de Chauffer nach op der Platz vum Accident gestuerwen ass. D‘Accident war kuerz hannert der Grenz a Richtung Lëtzebuerg geschitt, déi zwee Autoen haten sech ze packe kritt, et war awer och nach en drëtten Auto implizéiert.
Zënter Samschdegowend goufen et op de Stroossen 5 weider Accidenter mat Blesséierten, mellt de CGDIS. Am Laf vum Owend haten sech dräi mol 2 Autoen ze packe kritt, eemol zu Luerenzweiler, eemol am Tunnel Markusbierg op der Héicht Mondorf. An eemol op der A13 vu Kayl Richtung Schëffleng, hei waren dräi Leit blesséiert ginn.