Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serbien: Partei vum President Vučić gewënnt d'Walen däitlech

Virgezunne Walen

Serbien: Partei vum President Vučić gewënnt d'Walen däitlech

Bei de virgezunne Parlamentswalen a Serbien huet d‘Partei vum President Aleksander Vučić däitlech gewonnen. Nodeems bal all d‘Bulletinen ausgezielt si kënnt déi Serbesch Fortschrëttspartei SNS op bal 47 Prozent vun de Stëmmen a gëtt stäerkste Kraaft zu Belgrad. Si hätt domat eng absolut Majoritéit a kéint an Zukunft eleng regéieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Georgi Paleykov
Foto: picture alliance / NurPhoto | Georgi Paleykov

Den Aleksandar Vučić hat d‘Parlament a Serbien no net emol zwee Joer opgeléist. Hannergrond waren zwee Amokleef am Mee mat 18 Doudegen an de Konflikt am Kosovo, wou Serbien weiderhin den Norden als Deel vu sengem Territoire gesäit.

D‘Oppositioun behaapt, datt et bei der Wal gëschter vill Verstéiss géint d‘Reegele ginn hätten.