Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Staatslabo: Diskussiounen iwwer eng nei Strategie lafen un

No zwou Demissiounen

Staatslabo: Diskussiounen iwwer eng nei Strategie lafen un

Am Staatslabo haten d‘Presidentin vum Verwaltungsrot an de Generaldirekter mateneen demissionéiert. Leschtere wier net bereet gewiescht fir zesumme mam Verwaltungsrot eng nei Strategie fir de Labo auszeschaffen. Dat géing elo nogeholl ginn, esou d'Gesondheetsministesch.

auto_stories

1 min

Op den éischte Februar vun dësem Joer haten d‘Presidentin vum Verwaltungsrot an de Generaldirekter vum Staatslabo mateneen demissionéiert. Wéi d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez elo an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro schreift, hätten der Presidentin hir strategesch Visiounen net mat deene vun den anere Membere vum Verwaltungsrot iwwerenee gestëmmt.

Strategie soll ëmmer nees hannerfrot ginn

Wat den Direkter betrëfft, deen no engem Mount nees demissionéiert huet, sou hätt dee sécher technesch Kompetenze gehat. Hie wier awer net bereet gewiescht fir zesumme mam Verwaltungsrot eng nei Strategie fir de Labo auszeschaffen. Et wier awer noutwendeg, datt de Staatslabo seng Strategie ëmmer nees hannerfreet, sou d‘Ministesch, déi och nach erkläert, datt d‘Diskussiounen iwwer eng nei Strategie grad ugefaangen hätten.