Radioen

On air

Concert  |  Dem Beethoven seng Néngt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tiny Houses: Wéi eng Schwieregkeete gëtt et nach?

Alternativ Wunnform

Tiny Houses: Wéi eng Schwieregkeete gëtt et nach?

Wéi grouss ass den Interessi fir Tiny houses? A firwat stinn der nach esou wéineg doruechter? De Claude Hermes, Patron vun enger Schräinerei huet dem Maurice Molitor de Moien op de Rives de l‘Alzette zu Miersch erkläert, wourun de Bau vun deene Mini-Logementer dacks nach scheitert.

auto_stories

2 min

headphones

23 min

Claude Hermes | © Jo Diseviscourt play_arrow

Den 20. Mäerz 2020 huet hien eng Schräinerei iwwerholl. Wéinst der Corona-Pandemie konnten hien a seng Mataarbechter awer net méi op Montage fueren, mee just nach am Atelier schaffen. "Et huet awer misste weider goen" an du wier him a sengem Kolleeg Marc Bissen, deen en Daachdeckerbetrib huet, d'Iddi komm fir tiny houses ze produzéieren.

En tiny house ass e klengt Logement bis 50 Quadratmeter. Hien huet awer och schonn een tiny house vun zwielef Quadratmeter gebaut, voll equipéiert mat Kichen, Living, Schlofzëmmer a Bett. Et gi souguer tiny Haiser déi komplett autark fonctionéieren, mat Solaranlag fir ze heizen a Stroum ze produzéieren a mat Sanitärberäich.

Schwéier fir eng Geneemegung ze kréien

Och wann tiny Haiser de Logementsprobleem net kënne léisen, kéinte se awer eng Léisung fir verschidde Leit sinn, zum Beispill fir Studenten oder Jonker déi doheem eraus wëllen.

De Käerprobleem wiere am Moment awer d'Regulatioun, seet de Claude Hermes. Engersäits kréiche Leit net ëmmer eng Geneemegung fir en tiny house enzwousch hinzestellen a si kënnen sech och dacks net legal mat hirem Haus umellen. Obwuel et mëttlerweil e Leifaden vum Inneministère géif ginn, hätt nach keng Gemeng sech un d'Thematik erugewot.

Tiny Houses op Terrainen déi aktuell eidel stinn?

Hie wier selwer och schonn a Kontakt mat Promoteure fir Tiny Haiser op Terrainen opzeriichten op deenen am Moment nach net gebaut gëtt, se dono erëm ofzeriichten an éirens anescht erëm opzeriichten, sou de Claude Hermes.

Lauschterenplay_arrow