Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pastor T.L. Barrett & The Youth For Christ Choir - Wonderful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Table ronde zum Thema Wunnengsbau a Klimaschutz

Kaarten op den Dësch

Table ronde zum Thema Wunnengsbau a Klimaschutz

Zum Deel kontrovers diskutéiert gouf op eiser grousser Table ronde dräi Woche virun de Chamberwahlen 2023. Déi grouss Theeme mat de Vertrieder vun zéng Parteie waren d’Verspriechen an de Beräicher Kampf géint de Klimawandel a Kampf géint d’Wunnengskris.

auto_stories

1 min

Diskussiounsronn iwwer Klimaschutz a Wunnengsbau | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Dobäi goung et dorëm, wéi Staat a Gemengen an den nächste Jore mussen agräifen, fir datt méi Wunnraum ka gebaut ginn. Sujete waren awer och d’Zil vu Klimaneutralitéit spéitstens am Joer 2050 hei am Land, mat de Virstellungen zur Energietransitioun.

Fir d’Regierungsparteie souzen den Henri Kox (déi gréng), de Max Hahn (DP) an den Yves Cruchten LSAP um Dësch. Fir d’Oppositiounsparteie waren et d’Stéphanie Weydert (CSV), de Gary Diderich (déi Lénk), den Tom Weidig (ADR), de Yann Retter (Piratepartei), de Frank Engel (Fokus), den Alain Herman (KPL) an d’Perrine Felix (Liberté – Fräiheet).

Invitéiert op dës sougenannten offiziell Table ronde waren - de Reegele vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel) no - déi Parteien, déi op d’mannst an dräi vu véier Bezierker Lëschten deposéiert hunn, an déi am Total méi wéi 45 Kandidaten hunn.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik
Politik a Gesellschaft