Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ US-Museker fuerdere Stopp vu KI an der Museksbranche

Kultur

US-Museker fuerdere Stopp vu KI an der Museksbranche

Méi wéi 200 bekannten US-Museker fuerderen, datt opgehale gëtt kënschtlech Intelligenz an der Museksbranche anzesetzen. An engem Oppene Bréif, ënnert anerem ënnerschriwwe vum Stevie Wonder, Billie Eilish oder nach Norah Jones, heescht et datt Tech-Firmen, Entwéckler oder nach Online Plattforme missten ophale KI ze benotzen.

auto_stories

1 min

Et wier eng Attack op déi mënschlech Kreativitéit. Duerch d‘Technik géifen d‘Stëmme vu professionelle Kënschtler geklaut ginn, d‘Rechter vun den Auteure verletzt ginn an de Musek-Ekosystem zerstéiert ginn.