Radioen

On air

Notturno  |  Air - Cherry Blossom Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen gouf als Spëtzekandidatin fir d'EVP nominéiert

Europawalen

Ursula von der Leyen gouf als Spëtzekandidatin fir d'EVP nominéiert

Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gouf als Spëtzekandidatin fir d’Europawalen am Juni nominéiert. Et gouf och am Viraus mat enger grousser Majoritéit fir déi däitsch CDU-Politikerin gerechent. Domat hofft d’Ursula von der Leyen op een zweet Mandat un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

An hirer Ried um Kongress vun der chrëschtlech-konservativer europäescher Parteifamill zu Bukarest huet sech d’Ursula von der Leyen nieft enger Verschäerfung vun der Migratiounspolitik an ekonomeschem Wuesstem och fir eng Sécherheets- a Verdeedegungspolitik ausgeschwat.

“Sécherheet an Europa bedeit och, méi an eis eegen Defense ze investéieren. Eist Zil sollt kloer sinn: Mir mussen ons Verdeedegungsindustrie an den nächste fënnef Joer massiv opbauen. An am Mëttelpunkt sollt een einfache Prinzip stoen: Europa muss méi investéieren, Europa muss besser investéieren an Europa muss europäesch investéieren."

Domat kéint d'Defense vun de Memberstaate moderniséiert an d'Ukrain weider ënnerstëtzt ginn, betount d'Kommissiounspresidentin. Europa sollt ustriewen, déi nächst kampffäeg Generatioun opzebauen.

 

Aktualitéit
Europa
Europawalen