Et wier nach ze fréi, fir d'Prognos ze maachen, well d‘Drauwelies dës Woch grad eréischt ugefaangen huet. Trotzdeem ass et eng Course géint d‘Zäit, well d‘Drauwen duerch de ville Reen riskéiere séier ze faulen. De Guy Krier, President vun der Vereenegung vun de Privatwënzer erkläert, datt dat bei deenen Temperaturen immens séier géif goen.
"Da gëtt et och Insekten, besonnesch Fruchtfliegen, déi dann d‘Fäulnis ganz schnell virun dreiwen."
Och wann d'Knëppelsteng nach kee siichtbare Schued verursaacht hunn, huet de Reen méi Aarbechtsopwand mat sech bruecht, seet d‘Wënzerin Carole Bentz vum Domaine Claude Bentz, fir datt et e gudde Millésime gëtt.
Net onbedéngt e schlecht Joer
Trotzdeem kéint een elo net onbedéngt vun engem schlechte Joer schwätzen. Et misst een tëschent de Riefzorten a Produiten differenzéieren, erkläert d‘Corinne Kox vum Domaine Viticole Laurent a Rita Kox. Fir de Cremant wier alles do wat ee géif brauchen.
"Verschidde Riefzorte wéi de Pinot Blanc, Pinot Gris, Pinot Noir kënne mir elo net esou ausräife loosse wéi mir dat wéilten. Dat heescht de Cremant-Undeel geet bei eis elo carrement an d‘Luucht par Rapport zu de Wäiner, dat ass elo de groussen Ënnerscheed."
Wéi vill Schued de ville Reen wierklech verursaacht huet kéint een awer eréischt no der Drauwelies an e puer Woche soen, betount de President vun der Vereenegung vun de Privatwënzer Guy Krier.