Radioen

On air

Notturno  |  Loudon Wainwright III - Lullaby

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wat ass e Burnout parental a wéi kann engem gehollef ginn?

 Den Hallwer Néng

Wat ass e Burnout parental a wéi kann engem gehollef ginn?

Mam Eltere si verbënnt ee vill Freed, Virstellungen an Erwaardungen. Wann dës allerdéngs net erfëllt ginn, an nieft der Kannererzéiung och nach Aarbecht, de Stot, Fräizäit an Aneres dobäikënnt, kann et engem séier mol ze vill des Gudde ginn. D’Tania Hemmer vun der Eltereschoul erkläert de Phenomeen vum Burnout parental méi am Detail an erkläert, wat een dogéint ënnerhuele kann.

auto_stories

4 min

headphones

23 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Tania Hemmer nennt dräi Dimensiounen, déi bei engem Burnout parental optrieden. An enger éischter Instanz géif ëmmer nees Middegkeet optrieden, déi ëmmer méi laang unhale géif. Dës géif och net fortgoen, wann een da mol en Dag Paus hätt, heescht et vun der Sozialpedagogin. Et kéim hei zu enger emotionaler Middegkeet, déi awer just op d’Eltereschaft bezu wier. Et kéint een also nach normal schaffen an och am Alldag géif een dat vu baussen net wierklech bemierken.

Déi zweet Dimensioun wier eng Distanzéierung vun den eegene Kanner, et hätt ee kee richtege Bezuch méi zu de Kanner. Et wier een zwar nach fir seng Kanner do, mee dat ouni Emotiounen. Et géif een no hinne kucke wéi ee Roboter, et wier e gewëssenen Automatismus dran.

Eng drëtt Dimensioun wier dann de kompletten Ausfall. Do géif een endgülteg de Pleséier verléieren, fir seng Kanner ze gesinn. Et wier een net méi frou mat hinnen an hätt keng Loscht méi fir bei hinnen ze sinn.

Ausléiser si falsch Erwaardungen

D’Tania Hemmer erkläert, datt et oft e grousse Kontrast gëtt tëscht dem perfekte Familljebild, dat een oft am Kapp huet, an der onperfekter Realitéit. Keng Famill wier perfekt, mee vill Eltere géife sech fir hir Problemer schummen, zum Beispill wann si emol eng Kéier rose ginn, oder eppes net esou klappt wéi geduecht. Meeschtens wieren et d’Elteren, déi sech am meeschte Méi ginn an et eigentlech just gutt mengen, déi am ufällegste si fir un engem Burnout parental ze leiden.

Och Social Media hätt en Afloss op d’Leit, well et vill Accounts ginn, déi e perfekt Bild vun enger Famill duerstellen. Wann een als Elterendeel midd ass an net méi kann, hëlt een oft den Handy eraus a gesäit da just Biller vu “perfekte” Familljen. Genau dat géif een an deem Fall nach méi erofzéien. Kanner kréie wier mëttlerweil e Projet, deen ee sech fest virhëlt a plangt. Do géife vill Leit hir Problemer fir sech behalen, et wéilt een datt alles perfekt ass, an et hätt een och oft Angscht, jugéiert ze gi wann dann eppes schif leeft.

Sech vum Drock léisen

Oft wier den Echange mat aneren Eltere scho genuch, fir aus dem Däiwelskrees vum Drock a Stress erauszekommen. D’Eltereschoul zum Beispill bitt Treffe fir Elteren an all Phas vun hirer Eltereschaft un. Do kéint ee sech an engem geschützte Raum fräi austauschen. Do géif een drun erënnert ginn, datt een net eleng op der Welt ass, an net just bei engem selwer Saachen net esou lafe wéi geplangt.

Et wier och wichteg fir Qualitéitsmomenter mat senge Kanner ze verbréngen. Do misst ee sech net just Saachen eraussichen, déi de Kanner gefalen, mee am beschte sinn Aktivitéiten déi jidderengem Spaass maachen. Dat ass natierlech fir jiddereen anescht, mee oft sinn et einfach Saachen, déi fir Eltere méi erhuelsam an einfach sinn. Et misst een och net onbedéngt eppes maachen, fir d’Kanner ze “fërderen”, wann et weder den Elteren nach de Kanner gefält, bréngt et kengem eppes.

Et wier wichteg sech ze froen, wéi een déi richteg Balance fënnt. Et wier wichteg, sech och emol Zäit fir sech selwer ze huelen, an dofir misst ee sech net schummen oder e schlecht Gewësse kréien. D’Kanner kéinten och vun Zäit zu Zäit vun engem anere versuergt ginn, et wier besser sech eng Paus ze huele wann ee se brauch, wéi midd bei de Kanner ze bleiwen an an d’Spiral vum Burnout parental ze falen.

Wann et den Eltere gutt geet huet dat e gudden Afloss op d’Kanner, ass d’Conclusioun vum Tania Hemmer. D’Eltereschaft wier keng Kompetitioun, et wier wichteg mateneen ze schwätzen a sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen. Informatiounen zu der Eltereschoul fënnt een um Internet-Site www.kannerschlass.lu ënnert der Rubrik “Eltereschoul”.

Lauschterenplay_arrow