Radioen

On air

Thé Dansant  |  General Crook - Fever In The Funkhouse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier nei Sektiounen a verschiddene Lycéeën

Fir d'Rentrée 2023/2024

Véier nei Sektiounen a verschiddene Lycéeën

Am neie Schouljoer wäerte véier nei Sektiounen a verschiddene Lycéeën ugebuede ginn. Domat wéilt een d'Kanner besser op den Aarbechtsmarché preparéieren. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Mëttwoch Moie virun der Press.

auto_stories

2 min

De Claude Meisch op enger Pressekonferenz | © Nicolas Calmes
De Claude Meisch huet virun der Press nei Sectiounen annoncéiert. (Foto: Nicolas Calmes)

Am Classique sollen de Kanner an der neier Sektioun P, d'Wëssenschaft vum Mënsch a wëssenschaftlech Fuerschung nogeluecht ginn. D'Sektioun R mam Schwéierpunkt Politik gëtt dëst Schouljoer just am Athenée ugebueden. Am Technik kommen zwou nei Sektiounen. Eng Sport an Technologie an eng Sciences naturelles. D'Schoulflicht bis 18 Joer soll eréischt an dräi Joer, also fir d'Rentrée 2026 kommen, sou de Claude Meisch.

Am Général gëtt eng nei Sektioun zu Technologie a Sport am Nordstad-Lycée an am Fieldgen ugebueden. Am Lycée Josy Barthel zu Mamer ass eng nei Sektioun fir Naturwëssenschaften opgemaach ginn. Och nei Beruffsausbildungen am soziale Beräich an eng Technikerausbildung mat Fokus op Elektromobilitéit.

Claude Meisch: Schwaarz Flecken am Bildungssystem ausfëllen

An der neier Sektioun P soll de Kanner wëssenschaftlech Fuerschung nogeluecht ginn. Ageschriwwe si 54 Schüler am Lycée um Belval, zu Dikrech an dem Jongelycée an der Stad. Mat neie Sektioune wéi dëser wéilt ee schwaarz Flecken am Bildungssystem ausfëllen, sou de Claude Meisch.

De Ministère hätt festgestallt, datt vill Jonker sech an entspriechend Studiëgäng ageschriwwen hätten an datt si am Lycée kaum eng Méiglechkeet kritt hätten, fir sech drop ze preparéieren. 

"Mir hunn och festgestallt, dass Jonker, déi an déi dote Richtung studéiere gaange sinn, Perspektiven dono um Aarbechtsmarché hunn. Dat huet sech sou am Laf vun der Zäit entwéckelt, wann een d’Stellenangeboter kuckt. Do gesi mer, dass ee grousse Besoin ass."

Edukatioun
Kanner
Politik
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft