Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bréngen eenheemesch Planzen der Natur?

Biodiversitéit

Wat bréngen eenheemesch Planzen der Natur?

De Gemenge- an Naturschutzsyndicat Sicona encouragéiert Baueren a Privatleit elo am Fréijoer eenheemesch Wëllplanzen ze séien. Firwat soll een dat maachen a wat bréngt dat iwwerhaapt?

auto_stories

3 min

headphones

21 min

play_arrow
Patrick Espen (riets) Simone Schneider (lénks) (Foto: Rick Mertens

Eng ronn 15 Bauere maache scho mat, erkläert d’Simone Schneider. Si ass Leederin vum wëssenschaftlechen Departement beim Sicona. Rieds ass dovun, d'Felder vun de Bauere mat Wëllplanzen unzeséien. Konkret heescht dat, grouss Blummewisen unzeleeën.

Som gëtt uechtert d’ganz Land gesammelt

Zil dovunner ass ganz kloer rar Planzen ze erhalen a weider ze kultivéieren. Dofir huet de Sicona eng ronn 25 Leit, déi duerch dat ganzt Land, Som bei sougenannte "Spenderpopulatiounen" sammele ginn. Ënnert enger Spenderpopulatioun versteet een, eng Plaz wou déi Planz natierlech virkënnt, wou der awer genuch wuessen, sou datt d’Biologen de Som fir déi weider Opzuucht kënne sammelen.

Fir de Moment huet de Sicona eng 70 Aarten am Ubau. Geplangt sinn der awer iwwer 100, erkläert de Patrick Espen, dee fir d’Berodung vun de Bauere beim Sicona zoustänneg ass.

Ekonomesch rentabel fir de Bauer

Ufank dës Joers gouf eng Genossenschaft gegrënnt, sou kann de Baueren dat néidegt Geschier gestallt ginn. Zil ass et, datt et fir d’Baueren ekonomesch rentabel ass, hier Felder mat Wëllplanzen unzebauen. Sou kéint fir si en neie Betribszweig entstoen.

Zu deene 70 bis 100 Aarte, ziele méi rar Planze wéi de Wisensalbei oder verschidden Zorte vun Oeilleten, dorënner d’Karthäusernelke oder d’Peschnelke, awer och net ganz sou rar Zorte wéi zum Beispill Margréidercher.

Mee wisou ass et dann iwwerhaapt wichteg eis heemesch Wëllplanzen weider ze kultivéieren? Den Ubau vu Blummewise fërdert d’Aartevillfalt an ass gläichzäiteg eng wichteg Source fir d’Insekten, also fir d’Bestëbser. An déi Bestëbser sinn op eis “gebietseigen” Wëllplanzen ugewisen. Wann d’Planze verschwannen, verschwannen och d’Beien an d’Bestëbser. Dobäi sollt net vergiess ginn, datt och déi Planzen, déi dem Mënsch iesse brénge, bestäubt musse ginn, wéi zum Beispill den Äppelbam, betount d’Simone Schneider.

Wie ka matmaachen? 

Jiddwereen kann hëllefe fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen, egal op privat doheem, d’Gemengen op ëffentleche Gréngflächen oder eeben d’Baueren.

De Sicona huet 25 Verkafsplazen duerch d’ganz Land, bei deenen een de fäerdege Som ka kaafen. Eng Tut vun 100g sollte fir 25 Meterkaree duergoen.

Wëllplanzesom Lëtzebuerg

Wien elo Interesse un der Produktioun vu Geseems krut, dee kann sech de ganze Projet och nach méi genau ukucke goen. Den 10. Juli organiséiert de Sicona eng Visitt vum Margréitche Feld zu Réiden. 

 

Lauschterenplay_arrow