Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kann de Bau an d'Renovéierung vu Gebaier méi energie-effizient ginn

Green Deal

Wéi kann de Bau an d'Renovéierung vu Gebaier méi energie-effizient ginn

Sanéiert an energieeffikass Gebaier, dat ass een Zil aus dem europäesche gréngen Deal. Deem Konzept vun der Europäescher Kommissioun also, mat deem d’Klimaneutralitéit bis 2050 soll erreecht ginn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack play_arrow
Foto: picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack

Der EU-Kommissoun no, sinn d’Gebaier fir ronn een Drëttel vun den Zäregasemissioune responsabel. Geplangt ass eng Verbesserung vun der Energieeffizienz vun de Gebaier. Wéi kann dobäi bei der Renovéierung a scho beim Bau ugesat ginn?

De Bäitrag vum Bausecteur zu de Gesamtemissiounen ass relativ héich, seet de President vum “Conseil National pour la Construction durable” a Vertrieder vum Energie-Ministère, Paul Schosseler. Senger Aschätzung no, misst engersäits viru beim direkten Energieverbrauch vun de Gebaier gehandelt ginn. An deem Beräich géif et zwar schonn eng gutt Reglementatioun ginn, et misst awer virun allem bei der Renovatioun nach vill geschéien.

"An dann, een neit Element wat dobäi kënnt, dat ass eben de ganze Liewenszyklus vum Gebai ze kucken, dat heescht den Impakt vun de Materialien, vun dem Chantier."

Méi effikassen Transport an d'Kreeslafwirtschaft

D’Motivatioun fir Verännerunge fir manner CO2-Emissiounen am Bausecteur wier grouss, ënnersträicht de Vizepresident vum nationale Conseil fir eng nohalteg Constructioun, a Vertrieder vun dësem Secteur, de Bruno Renders.

Et wier e wichtege Secteur an deem et och vill Méiglechkeete géif ginn, déi een notze misst.

Ee Punkt fir unzesetze wier zum Beispill den effikassen Transport vu Baumaterialien, erkläert de Paul Schosseler. Eng aner Méiglechkeet wier d’Kreeslafwirtschaft.

"Wéi kënne mer am Fong geholl bauen, datt mer (...) Gebaier sou laang wéi méiglech kënnen notzen, datt mer se kënnen ëmbauen, datt mer se net mussen ofrappen, datt mer kënne Produkter eraus huelen an nach eng Kéier notzen."

Lëtzebuerg huet e gewësse Virsprong

Wat d’Dekarboniséierung vum Bausecteur ugeet, hätt Lëtzebuerg am Verglach mam Ausland e wéineg Virsprong, stellt de Bruno Renders fest. D’Standarde vu Passiv-Haiser oder Niddreg-Energie-Haiser hätte schonn zu Moderniséierunge bei den Entreprisë gefouert.

Haut géif et méi drëms goen fir mat Tradidtiounen an Iwwerzeegungen ze briechen, wat zum Beispill d‘Baumaterialien ugeet, oder och nach d‘Aart a Weis wéi ee baut.

 

Besonnesch wier, datt de Secteur zwou Saache gläichzäiteg soll maachen: engersäits den energie-effikassen Neibau an anerersäits d’Renovatioun vu Gebaier, déi och zu manner Emissioune solle féieren.

Dobäi geet et deemno ëm Gebaier, déi scho gebaut sinn, seet de Gilles Reding vun der Chambre des métiers.

"D’Handwierk spillt wierklech eng Schlësselroll an der Energietransitioun. Wéi wäert dat d’Aarbecht sech veränneren? Am Moment si mir an engem Energietransfert. Well wann ech elo vun den Installateure schwätzen, geet et vun de fossillen Heizungen op Wärmepompelen an et geet dorëm d’Leit ëmzeschoule fir (se) op déi nei Technologië virzebereeden."

Weider staark an d'Formatioun investéieren

Den Handwierker déi néideg Formatiounen unzebidden, wier wichteg, seet och de Patrick Koehnen vun der Fédération des Artisans.

"Mir ware wierklech federführend, 2017 hu mir d’Passivhaiser scho gebaut, dat war eenzegaarteg an Europa."

Iwwer Centre de compétences an dem IFSB (institut de formation du secteur du bâtiment) wier een elo och amgaange sech opzestelle fiur de Betriber déi noutwenneg Hëllefen a Formatiounen unzebidden.

Bei der ugekënnegter nationaler Renovatiounsgesellschaft wier et wichteg d’Acteure vum Terrain mat anzebannen, esou de Vertrieder vum Handwierk. Dës Gesellschaft dierft kee Waasserkapp ginn, ënnersträicht de Patrick Koehnen.

Lauschterenplay_arrow

Logement
Nohaltegkeet
Wirtschaft
Wëssenschaft
Ëmwelt