Radioen

On air

Tockcity  |  Lambrini Girls - God's Country

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wéi moosst een Héichbegabung bei Kanner?

Educatioun

Wéi moosst een Héichbegabung bei Kanner?

Intelligenz ass gär gesinn an eiser Gesellschaft. Mee se ass net esou einfach ze definéieren. Besonnesch wann et ëm Kanner geet. Wéini kann een also vun engem héichbegaabte Kand schwätzen?

auto_stories

2 min

headphones

22 min

Cyril Weaeler, Pedagog am Centre de Competence fir heichbegaabte Kanner | © Morgane Weidig play_arrow
Cyril Weaeler, Pedagog am Centre de Competence fir heichbegaabte Kanner (Foto: Morgane Weidig)

Am Verglach zu anere psychologeschen Tester ass d‘Genauegkeet vun Intelligenztester eigentlech zimmlech héich. Dat erkläert de Moritz Breit, deen op der Uni zu Tréier doriwwer fuerscht. Dat géif doru leien, datt et se schonn immens laang gëtt an iwwer eng laang Zäit ugepasst an optimiséiert goufen.

Intelligenz net dat eenzegt wat Héichbegabung ausmécht

Intelligenztester sinn eng Rei un Aufgaben, déi un enger méiglechst grousser a representativer Stéchprouf ugewannt ginn. Unhand vun deem, wat dobäi erauskënnt, gëtt dann d‘Resultat vun Tester mat eenzele Persoune verglach.

Vun enger Héichbegabung oder engem héijen IQ schwätzt ee, wann dat eegent Resultat am ieweschten 2 Prozent vun der Stéchprouf läit.

Zu enger Héichbegabung gehéiert awer net nëmmen eng héich Intelligenz, mee och Charakteristike wéi Selbstregulatioun oder eng Freed um Léieren, betount de Moritz Breit.

Identifikatioun an net Diagnos

Zu Lëtzebuerg kënne Kanner am Centre de Compétences fir héichbegaabt Kanner en Intelligenztest maachen, erkläert de Cyril Wealer, Pedagog am Kompetenzzenter. Dobäi schwätzt een do net vun enger Diagnos vun enger Héichbegabung, mee vun enger Identifikatioun.

Et gëtt net an all Fall eng prise eng charge gemaach. Dat geschitt nëmmen, wann déi Héichbegabung och Problemer fir d‘Kanner mat sech bréngt.

Héichbegabung kann och Problemer mat sech bréngen

Dacks bréngt eng héich Intelligenz nämlech Problemer mat sech. Als Beispill nennt de Cyril Wealer e Kand, dat am Fondamental immens gutt ofschneit a keng Léierstrategie muss entwéckelen. Am Secondaire mécht sech dat da bemierkbar an et kann zu enger Chute kommen.

Iwweregens ass Intelligenz ëmmer eng Dynamik. Iwwer d‘Joren entwéckele sech déi kognitiv Kompetenze weider. Et géif also och Sënn maachen, net just een eenzelen Test eng Kéier ze maachen, erkläert nach de Moritz Breit.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
Politik a Gesellschaft
Interview