Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Hayden Thorpe - They

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Onofhängegkeetsbestriewungen: China mécht Militärmanöver géint Taiwan

Taiwan

Wéinst Onofhängegkeetsbestriewungen: China mécht Militärmanöver géint Taiwan

China huet de Moien e Militärmanöver ronderëm Taiwan ugefaangen. Dräi Deeg no der Investitur vum neien taiwanesche President Lai Ching-te, deen a senger éischter Ried d'Onofhängegkeetsbestriewunge vun Taiwan confirméiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Johannes Neudecker

D’Manövere sollen zwee Deeg laang daueren. Déi chineesesch Arméi wëllt déi gemeinsam Kampfbereetschaft zu Land, zu Waasser an an der Loft, souwéi d’Attacken op Schlësselziler trainéieren. Dobäi solle Patrullen Taiwan vun dräi Säiten - Norden, Süden an Osten - ganz no kommen.

Strof géint Separatisten

Ee Militärexpert sot op der chineesescher Staatstëlee, Peking géif eng Blockad vun der Inselrepublik simuléieren, änlech wéi am Abrëll zejoert, bei där leschter Übung an där Gréisstenuerdnung. Et ass e kloert Signal un déi nei taiwanesch Spëtzt an och als Strof gemengt fir d’Separatisten.

De President Lai Ching-te hat a senger éischter Ried e Méindeg Onofhängegkeetsbestriewunge confirméiert. Ënnert anerem hat hien déi chineesesch Regierung opgefuerdert, hir militäresch a politesch Aschüchterungsversich ze stoppen. Peking misst d’Existenz vun Taiwan akzeptéieren.

Sanktioune géint Alliéiert vun Taiwan

Taiwan ass zanter 1949 autonom. China betruecht déi demokratesch regéiert Inselrepublik awer als Deel vum eegene Staatsgebitt an huet schonn e puer Mol menacéiert, d’Insel an d’Festland mat militäresche Moyene mateneen ze vereenen.

Déi nei Übunge vun der Arméi dierften doriwwer eraus och als Warnung fir d’Alliéiert vun Taiwan gëllen, besonnesch fir d’USA. Washington huet Taipeh zwar diplomatesch net unerkannt - dat hu bis elo just 12 Staaten - huet der Inselrepublik fir de Verdeedegungsfall awer seng Ënnerstëtzung zougeséchert, a liwwert och reegelméisseg Waffen an Taiwan. Aus deem Grond huet China nach dës Woch 15 amerikanesch Entreprisë sanktionéiert.

Konflikt hätt katastrophal Konsequenzen

E Konflikt an der Regioun ass Experten no zwar net imminent, hätt awer e katastrophalen Effekt op d’Weltwirtschaft. Taiwan läit am Zentrum vun der globaler Versuergungsketten a vun de Séihandelsrouten. Op der Insel gi 70 Prozent vun all de Semi-Conducteure weltwäit gebaut. Dëst sinn essentiel Komponente fir de Fonctionnement vu Mikrochippen. Déi sinn a Smartphonen, Laptoppen, Autoen, Frigoen, Tëleeën an och an digitale Waffesystemer verbaut.

Lauschterenplay_arrow