Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltwäit gouf 2023 manner Reebësch ofgeholzt

400.000 Hektar manner wéi d‘Joer virdrun

Weltwäit gouf 2023 manner Reebësch ofgeholzt

D‘Ofholze vum Reebësch ass zejoert zeréckgaangen, mee et géif nach ëmmer vill ze vill Bësch weltwäit verschwannen, esou de World Resources Institute an engem neie Rapport. Deemno goufen zejoert 3,7 Milliounen Hektar tropeschen Urwald zerstéiert.

auto_stories

1 min

Reebësch | © CIFOR-ICRAF / Flickr
Foto: CIFOR-ICRAF / Flickr

Dat entsprécht enger Fläch, déi 14 Mol esou grouss ass wéi Lëtzebuerg. Mee et ware 400.000 Hektar manner wéi d‘Joer virdrun. Dës Baisse ass virun allem op Brasilien zeréckzeféieren. Do gëtt däitlech manner Reebësch zerstéiert, zanter datt de Rietspopulist Jair Bolsonaro net méi President ass. Brasilie bleift awer weider dat Land, wou dee meeschte Bësch verschwënnt.