Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wouhi mam Klärschlamm?

Reportage

Wouhi mam Klärschlamm?

Ronn 50 Gramm dréchene Klärschlamm produzéiert all Mënsch pro Dag zu Lëtzebuerg. Ronn 10.000 Tonne falen d’Joer un. Fir d’Zukunft stellt sech d’Fro, wou dës Offallquantitéite sollen eliminéiert ginn. Eng national Klärschlammstrategie soll Léisunge bréngen.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

D'Kläeranlag zu Péiteng | © Jacques Ganser play_arrow
D'Kläranlag zu Péiteng. (Foto: Jacques Ganser)

An der Kläranlag zu Péiteng spruddelt a schaimt et an de Bassengen: Hei gëtt d’Ofwaasser vun am Schnëtt 80.000 Awunner behandelt an duerno an d’Kor oflafe gelooss. Mam rezenten Ausbau kann dës Zuel op 115.000 klammen. Als Nieweprodukt vun der Behandlung entsteet Klärschlamm: eng dréchen, sténkeg an humusänlech Matière.

10.000 Tonne Schlamm pro Joer

Zu Péiteng gëtt dee Schlamm, dee sech an de Bassengen ofsetzt, geschleidert fir Waasser ze entzéien an da stockéiert, wéi de Raymond Erpelding, Ingénieur-directeur vun der Anlag, erkläert.

"Hei stinn dann d‘Zentrifugen, wou de Schlamm entwässert gëtt. Dat heesch, wann deen an d‘Zentrifug erakënnt, hu mir een Trockensubstanzgehalt vu véier Prozent. Also 96 Prozent Waasser nach an herno ënnen an der Hal hu mir dat Volummen ongeféier ëm dat zéngfacht verréngert, dann hu mir ëm déi 35 Prozent Trockensubstanz."

10.000 Tonnen dees Schlamm falen all Joers a sämtleche Kläranlage vum Land un. Bis elo gëtt praktesch de ganze Volume exportéiert.

"Et gëtt fir de Moment eng Ausnam: dat ass de Klärschlamm vun der Kläranlag vu Beetebuerg, déi jo eng Solartrocknung hunn. Déi hunn also gedréchente Schlamm, dee geet integral op Rëmeleng an d‘Zementwierk. All déi aner Kläranlagen, do geet dat quasi integral geet an d‘Ausland."

Op laang Siicht wier déi Léisung awer souwuel wéinst der Ofhängegkeet vum Ausland, wéi och aus etheschen Iwwerleeungen net ze halen.

Klärschlamm am Klärschlammlager. | © Jacques Ganser
Klärschlamm am Klärschlammlager. (Foto: Jacques Ganser)

Et solle Verbrennungsanlagen entstoen

Zweemol gouf et du Warnschëss, déi zum Ëmdenke gefouert hunn: Wärend der Corona-Pandemie waren op eemol d’Grenzen zou an d’Anlagen si séier un hir Stockagelimitt komm. De franséischen Ëmweltminister huet parallel den Import vu Klärschlamm fir landwirtschaftlech Zwecker verbueden. Dobäi koume méi strikt europäesch Oplage fir d’Ausbrénge vu Schlamm op de Felder.

Klärschlamm ass problematesch: Wat d’Klärtechnik besser ginn ass, wat sech méi Réckstänn wéi Schwéiermetaller, Medikamenter oder Mikropolluanten an dem Schlamm gesammelt hunn. Eng national Léisung war du gefrot.

2020 huet den Ëmweltministère dofir eng Etüd an Optrag ginn. Déi koum zur Conclusioun, datt hei am Land eng Rei vu Verbrennungsanlage fir Klärschlamm sollten entstoen. E puer Sitten, déi verschidde Gemenge virgeschloen hunn, goufen dofir méi genee ënnert d’Lupp geholl, wéi de Bruno Alves vum Ëmweltministère erkläert.

"Et ware fënnef Sitten, déi analyséiert gi sinn. Also engersäits de Site op der Kläranlag zu Beetebuerg, d‘Kläranlag zu Beggen, d‘Mülldeponie Muertendall, d‘Kläranlag zu Miersch an de Site um Fridhaff. Déi fënnef Sitte goufen eis vun de Gemenge proposéiert. Mir hunn also gesot, komm mir analyséieren déi Sitte, well se alleguer ee Virdeel hunn, an da muss gekuckt ginn, ass de Virdeel méi grouss wéi den Nodeel."

Ze definéiere bleiwen allerdéngs nach déi genee Sitten, déi zréckbehale ginn. Dat sollen der um Enn dräi sinn.

De Raymond Erpelding ass Ingénieur directeur. | © Jacques Ganser
De Raymond Erpelding ass Ingénieur directeur. (Foto: Jacques Ganser)

De juristesche Volet

An dësen Anlage soll de Klärschlamm thermesch verwäert ginn an d’Ofwiermt genotzt ginn, mee och de Phosphor kéint zeréck gewonne ginn. Eng wichteg Matière première, déi an Zukunft och ekonomesch kéint interessant ginn.

Ze siche wier dann och nach ee Site, op deem d’Äschen aus dësen Iewen definitiv gelagert ginn. Dem Ministère schwieft hei d’Deponie Muertendall bei Gréiwemaacher vir.

Nieft dem technesche Volet gëtt et awer och ee juristeschen: Zu Lëtzebuerg sinn d’Gemenge fir d’Ofwaassergestioun responsabel. Si maachen dat bis op d’Stad Lëtzebuerg an d’Gemeng Hesper iwwer am ganze sechs Syndikater. Fir d’Verbrennungsanlagen ze bedreiwe gëtt d’Schafe vun engem neie Syndicat virgeschloen, an dem déi aktuell Syndikater pro rata vertruede sinn.

Et géif ee gutt viru kommen heescht et aus dem Ëmweltministere, an et wieren deemnächst Reunioune mat de Syndikater geplangt. Iwwer eng Konventioun soll dann d’Basis vum neie Syndikat geluecht ginn. Bis d’Iewe funktionéieren, dierften trotzdeem nach e puer Joer vergoen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Nohaltegkeet
Wëssenschaft
Ëmwelt