Op enger Visitt e Mëttwoch zu Kiew annoncéieren d’Ministere Xavier Bettel a Yuriko Backes weider finanziell Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. D’Visitt war aus Sécherheetsgrënn geheim gehale ginn.
D'Yuriko Backes an de Xavier Bettel mam Ausseminister Andrij Sybiha. (Foto: MAE Press)
Lëtzebuerg gëtt am Ganze ronn 21 Milliounen Euro méi ewéi bis elo virgesinn un d’Ukrain. D’Hallschent dovu soll an den Energiesecteur gestach ginn an déi aner Hallschent geholl ginn, fir weider déi ukrainesch Arméi ze ënnerstëtzen.
Entrevue zu Kiew mam Wolodymyr Selenskyj
Déi zousätzlech Hëllef gouf e Mëttwoch op enger kuerzer Visitt vum Ausseminister Xavier Bettel an der Verdeedegungsministerin Yuriko Backes an der Ukrain annoncéiert.
Béid Ministeren hunn zu Kiew eng Dräivéierel Stonn mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj geschwat. Virdrun hate si Entrevuë mam Ausseminister a mam Premierminister vun der Ukrain. D’Rees war aus Sécherheetsgrënn am Virfeld geheim gehale ginn.
Een Dag laang huet sech d’Lëtzebuerger Delegatioun, zu där och Vertrieder vun der Lëtzebuerger Press gehéiert hunn, ee Bild op der Plaz zu Kiew iwwer déi aktuell Situatioun gemaach.
Éischte But vun der Rees wier et gewiescht, der Ukrain ze weisen, datt Lëtzebuerg si net vergiess huet a weider ënnerstëtze wëll, esou de Vizepremier Xavier Bettel zu Kiew géintiwwer der Press. D’Regierung hätt positiv Echoe kritt.
“Wa si soen, datt et wichteg war, eis ze gesinn, datt si duerch eng Lëtzebuerger Presenz vun der Madame Backes a vu mir, motivéiert ginn, fir weider ze maachen, dat mécht engem Freed. Virun allem wann ee bedenkt, wat si erliewen.”
D’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes huet vun “éierlechen Echange” geschwat.
“Et gesäit een, datt mir och als klengt Land kënnen eng Plus Value fir hir eege Verteidegung liwweren, an datt déi ukrainesch Regierung immens dankbar dofir ass.”
All Euro, dee Lëtzebuerg an d’Defense vun der Ukrain investéiert, wier eng Investitioun an déi eegen an an déi europäesch Sécherheet, esou d’DP-Politikerin zu Kiew géintiwwer dem radio 100,7.
De Xavier Bettel bei der Entrevue mam Wolodymyr Selenskyj. (Foto: MAE Press)
Annonce vun zousätzlechen 10 Millioune fir d’Defense an 10 Milliounen Euro fir den Energiefong
D’Lëtzebuerger Regierung koum net mat eidelen Hänn an déi ukrainesch Haaptstad.
Zu de bis elo 80 Milliounen Euro, déi d’Regierung dëst Joer an hirem Budget fir déi militäresch Hëllef fir d’Ukrain virgesinn huet, kommen der elo nach eng Kéier 10 Milliounen derbäi, esou d’Annonce vun der Verdeedegungsministerin zu Kiew op enger Pressekonferenz zesumme mam ukraineschen Ausseminister Andrij Sybiha.
D’Ukrain géif als Land am Krich weider Munitioun brauchen, esou den Andrij Sybiha op d’Fro, wat sech d’Land konkret vu Lëtzebuerg erwaart. De Minister huet och eng Ënnerstëtzung am Opbau vun Drone-Fabricken ernimmt. Et wier wichteg, datt säi Land méi autonom op deem Gebitt gëtt, esou den Ukrainer géintiwwer der Press.
“Mir krute keng konkret Demanden, ma mir sinn am direkte Kontakt mam Defenseministère. Dat heescht, mir wësse, wat si brauchen a mir probéiere genee dat ze liwweren”, esou d’Yuriko Backes.
Bei déi 96 Milliounen Euro, déi Lëtzebuerg bis elo an humanitär Hëllef an den Nees-Opbau gestach huet, kommen der och nach eng Kéier 10 Milliounen Euro derbäi. D’Sue fléissen an den Energiesecteur. D’Lëtzebuerger Agence Lux-Development geréiert dee Projet op der Plaz.
Eng Millioun Euro fir d’Fondatioun Olena Selenska
Um Programm vun der Visitt stoung ënner anerem eng Visitt vun der Kannerklinick am Zentrum vu Kiew, déi am Juli zejoert vun enger Rakéit getraff gouf.
Véier Leit koumen duerch déi Attack ëm d’Liewen, grouss Deeler vun de Gebaier goufen zerstéiert oder staark beschiedegt. Den Neesopbau leeft den Ament op vollen Touren. Et géing een hoffen, datt am Juli nees alles funktionéiert, sot zu Kiew den Directeur médical Sezhij Cheznyshuk.
Lëtzebuerg wäert och eng Millioun un d’Fondatioun vun der Olena Selenska spenden. Déi ukrainesch First Lady huet dës Fondatioun 2022 gegrënnt, haaptsächlech fir de Kanner, déi duerch de Krich gelidden hunn, ze hëllefen. D’Lëtzebuerger Sue fléissen an ee Projet, dee sech speziell op traumatiséiert Kanner konzentréiert.
D'Yuriko Backes an de XAvier Bettel bei der Entrevue mat der Olena Selenska. (Foto: MAE Press)
Bettel a Backes frou iwwer “éierlecht” Gespréich mam ukrainesche President
D’Entrevue mam Här Selenskyj huet den Xavier Bettel als “gutt an éierlech” bezeechent. De Wolodymyr Selenskyj hätt him keng Detailer iwwer säi Gespréich mam amerikanesche President Donald Trump zu Roum verroden, mee hien hätt him gesot, “datt hien d’Hoffnung net opginn huet, datt den amerikanesche President verstan huet, datt dem Här Putin net ze trauen ass.”
Op der ukrainescher Säit wier d’Vertrauen a Russland net méi grouss ginn, ergänzt d’Yuriko Backes.
D’Renconter mam ukrainesche President hätt si immens impressionéiert, sou d’Verdeedegungsministerin, déi den ukrainesche President als “ganz waarmen a witzege Mënsch” beschreift, “seriö a weider determinéiert, säi Land duerch dat Schlëmmst ze féieren”.
Aus Sécherheetsgrënn konnt déi Lëtzebuerger Press bäi deem Treffen net dobäi sinn.