Radioen

On air

De Moien  |  Invité:e vum Dag

play_arrow Live
search

/ Zukunft vun der Atomkraaft: Diskussiounsbedarf an der Regierung

ATOMKRAAFT JO ODER NEE?

Zukunft vun der Atomkraaft: Diskussiounsbedarf an der Regierung

Lëtzebuerg ass dofir, datt d’EU Suen an d’Fuerschung iwwer Atomenergie stieche soll, sou de Luc Frieden. D’Fro, ob dat d’Positioun vun där ganzer Regierung ass, schéngt nach net gekläert. Dat confirméiert de Premier zu Bréissel.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: SIP

Huet déi nei Lëtzebuerger Regierung eng aner Positioun zur Atomkraaft wéi déi virdrun? Déi Diskussioun koum op nodeems de Premier Luc Frieden gëschter um Bord vum EU-Sommet vun anere “Piste” geschwat hat, an dovun, datt des Regierung dofir ass, datt zukunftsorientéiert un d'Nuklearenergie eru wëllt goen.

Luc Frieden confirméiert Kuerswiessel

Dës Regierung wier, wat d’Atomenergie ugeet, manner ideologesch, sou hat de Premier et en Donneschdeg genannt.

"Ech mengen, do ass, déi nei Regierung op eng aner Piste gaangen. Mir sinn technologieoppen, wat d'Zukunft vun der Entwécklung vun der Nuklearenergie ubetrëfft."

Op eis Nofro hi confirméiert de Luc Frieden d’Oppositioun vun dëser Regierung géintiwwer dem Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg an och den Zentralen zu Cattenom an Tihange.

Kritik um fréieren Energieminister

De Premier widderhëlt seng däitlech Kritik un der Approche vun der Virgängerregierung.

"Mir schreiwen net anere vir, wat si solle maachen an dat nennen ech de Kuerswiessel. Et goufen Energieministeren an der viregter Regierung, déi aner Länner kritiséiert hunn, wa se op d'nuklear Energie, gesat hunn. Dat ass net d'Attitüd vu mir an ech mengen och net vun eiser Regierung."

Déi nuklear Fuerschung misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Suen. Och dat hat de Premier en Donneschdeg gesot.

DP huet aner Linn am Walprogramm, CSV-Ëmweltminister ass iwwerrascht

D’DP huet do eng aner Approche an hirem Walprogramm, an deem sech déi Liberal däitlech géint een Ausbau vun Atomenergie als Wee aus der Klimakris ausschwätzen.

Mee och an der CSV schéngt nach net jiddereen déi nei Pist vun der Regierung mat kritt ze hunn.

Den Ëmweltminister hätt sech um Kongress vum Mouvement écologique iwwerrascht gewisen iwwert d’Aussoe vum Regierungschef, sou d’Presidentin Blanche Weber dem radio 100,7 géintiwwer.

De Serge Wilmes selwer war fir eis net ze erreechen. Fir de Premier schonn, wéi hien eis hei zu Bréissel confirméiert huet.

"Ech hunn de Moie mam Ëmweltminister a mam Energieminister telefonéiert an ech kann Iech soen, mir si ganz op enger Wellelängt."

Frieden: Diskussioun muss "le moment venu" gefouert ginn

Am Walprogramm vun der Europäescher Vollekspartei fënnt een d’Aussoe vum Premier iwwert déi néideg Fërderung vum Nucléaire an der Recherche erëm. Huet de Luc Frieden sech dorun orientéiert?

"Dat ass net ganz falsch, mee dat ass eng Diskussioun, déi mir le moment venu an der Regierung op deem do spezifeschen Aspekt, musse féieren."

Do gëtt et also duerchaus nach Diskussiounsbedarf an dëser neier schwaarz-bloer Regierung.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa
Politik