Beethoven Spezial

Beethoven Spezial

De Ludwig van Beethoven gouf de 17. Dezember 1770 gedeeft. Wéini genee hie gebuer gouf, bleift bis haut ee vun de ville Mistèren, déi säi Liewen ëmginn. An der Spezial Emissioun ronderëm de Start an d'Beethoven-Joer 2020, geet de radio 100,7 op d'Spuer vum Komponist. Um Programm stinn:

E Gespréich mam Dr. Eugène Panosetti iwwer déi méiglech Grënn, wisou de Beethoven daf gouf

Eng Diskussioun mam Museksjournalist Remy Franck iwwer Beethoven-Opnamen

Eng Visitt vun der grousser Beethoven-Ausstellung a senger Gebuertsstad Bonn

E Gespréich mam Pianist Jean Muller iwwer dem Beethoven seng spéit Pianoswierker

 

Fannt hei weider Emissiounen vum Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen