Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Jim James - Here In Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwéierpunkt

Episoden

Depressiounen: Dee leschten Auswee

Ronn 70 Leit pro Joer setzen hei am Land mat Suicide hirem Liewen en Enn. Ronn 350 probéieren et. D'Donkelziffer ass méi héich.
headphones

0 min

Depressiounen: D'Angscht virun der Angscht

Eng Angschtstéierung ass eng Krankheet. Si entwéckelt sech dacks aus enger Phobie. Am Extreemfall kënnt et zu Panikattacken. Eng Therapie kann hëllefen.
headphones

0 min

Depressiounen: Op emol war se do

"Ech hat eng Depressioun, mä ech wousst net, dass et eng wier." Dat ass de Constat vu ville Leit mat enger Depressioun.
headphones

9 min

play_arrow

Depressiounen: Blues ass net gläich Blues

Am Hierscht a Wanter leide vill Mënschen ënner dem sougenannte Wanterblues. Do dernieft gëtt et och nach d'Wanterdepressioun.
headphones

8 min

play_arrow

Rassismus: Parallel Multikultigesellschaften?

Lëtzebuerg ass e multikulturellt Land an an engems och e Land vu Parallelgesellschaften. Dat muss weder eng Kontradiktioun sinn, nach eng negativ Konnotatioun hunn.
headphones

0 min

Bildungsoptrag: Kampf dem Rassismus

Rassistesch Tendenzen an der Schoul scho preventiv ze bekämpfen ass ee vun den Ziler vum Zentrum fir politesch Bildung.
headphones

0 min

Rassismus: E Vollek vu Gromperekichelcher?

Ëmmer méi Rassisten notzen déi sozial Netzwierker als Plattform. Satire kann hei en Outil am Kampf géint de Rassismus sinn.
headphones

0 min

Rassismus: Europa an déi elitär Globalisatioun

D'Globalisatioun mécht d'Distanze geographesch zwar méi kleng, mä d'Globalisatioun schaft awer och ëmmer méi nei Grenzen.
headphones

0 min

D'Subtilitéit vum Rassismus

Rassismus hei am Land, dee gëtt et. Dacks mecht en awer d'Aen zou oder relativéiert d'Problematik.
headphones

0 min

Rassismus: Antisemitismus - fréier an haut

Grad zu Lëtzebuerg gëtt et am Verglach zu aneren europäesche Länner nach ëmmer vill Antisemitismus. Zu där Conclusioun kënnt d'Associatioun RIAL.
headphones

0 min

De Rassismus a seng laang Geschicht

Zanter dem 18. Joerhonnert gëtt et de Rassismus als Ideologie. Derbäi hunn awer d'Ufäng vum Kolonialismus kee rassisteschen Hannergrond.
headphones

0 min

Revolutiounen: Vum Bauerestaat zur Stol-Natioun

Vum Agrarstaat zur Stol-Natioun. Lëtzebuerg an den industriellen Opschwong am 19. Joerhonnert.
headphones

0 min

Revolutiounen: Vum Modal Split zu MODU 2.0

Ee Volet vun der drëtter industrieller Revolutioun no Rifkin ass eng nohalteg Mobilitéit als Déngschtleeschtung mat Schwéierpunkt Elektromobilitéit.
headphones

0 min

Revolutiounen: Alles am grénge Beräich?

D'Landwirtschaft ass och eng wichteg Komponent vun der drëtter industrieller Revolutioun no Rifkin.
headphones

0 min

Revolutiounen: Karl Marx - Theorie a real existente Sozialismus

Wuel kaum ee Philosoph a Gesellschaftstheoretiker huet déi politesch Weltbün esou beaflosst wéi de Karl Marx.
headphones

0 min

Revolutiounen: Ideologie a Realitéit

Tëschent revolutionärem Idealismus a mënscheveruechtendem Pragmatismus: De Marxismus-Leninismus an d'Haaptprotagoniste Lenin, Trotzki a Stalin.
headphones

0 min

Revolutiounen: Wir sind das Volk

Den 9.11.1989 ass zu Berlin d'Mauer gefall. Dat war d'Enn vun engem Prozess, dee scho Mëtt vun den 80er Joren ugefaangen huet.
headphones

0 min

Revolutiounen: Hier stehe ich, ich kann nicht anders

Den 31. Oktober feieren d'Protestanten hire Reformatiounsdag. Den Dag geet zeréck op dem Martin Luther seng 95 Theesen.
headphones

0 min

Revolutiounen: Boston Tea Party an Opklärung

Dat 18. an 19. Joerhonnert waren d'Zäitalter vun de Revolutiounen an Amerika an an Europa.
headphones

0 min

Ardennenoffensiv: Den Neesopbau vum Éislek

Mat der Ardennenoffensiv goufen a Lëtzebuerg eng 18.000 Haiser an domat ganz Dierfer am Éislek zerstéiert. Den Neesopbau sollt eng zéng Joer daueren.
headphones

0 min