arrow_back_ios
Een Album lëtzebuergesch Gedichter
Tony Bastian (1890-1963): De göldene Preiss
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
Vun 1815 bis 1867 louch eng preisesch Garnisoun an der Festung Lëtzebuerg. A wann een iwwer Musel, Sauer an Our gaang ass, war ee bis 1871 am Königreich Preussen. Eis direkt Nopere waren also d’Preisen. Am Gedicht "De göldene Preiss" fanne mer déi typesch Lëtzebuerger Ressentimenter géint “d’Preisen“, wéi se nom Eischte Weltkrich bestanen hunn. Eng Analys vum Mars Klein.