Den Immobiliemaart boomt. Fir Leit mat klengen a mëttlere Revenue verschwënnt bezuelbare Wunnraum. Wat kënnen a sollten d'Gemenge géint d'Wunnengsnout maachen? Déi grouss Gemengen erstécken am Verkéier. Wat fir eng Mobilitéit ass néideg, fir méi Liewensqualitéit ze garantéieren?
Am Kader vun der offizieller Mediecampagne fir d'Gemengewahlen diskutéiere Politiker vu Proporzgemengen:
Déi Gréng: Josée Lorsché (Beetebuerg)
LSAP: Marc Angel (Stad Lëtzebuerg)
CSV: Yves Wengler (Iechternach)
DP: Claude Lamberty (Hesper)
ADR: Gilles Carlizzi (Déifferdeng)
Déi Lénk: Guy Foetz (Stad Lëtzebuerg)
Moderatioun: Mick Entringer.