Kaarten op den Dësch
Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris
57 min
Spéitstens virun enger gudder Woch huet hei am Land all Automobilist gemierkt, datt et eng Energiekris gëtt: De Liter Diesel huet wärend e puer Deeg 2,11 Euro kascht. Dat duebelt wéi viru sechs Méint. D'Gaspräisser hunn dëse Mount an Europa e Rekordpräis erreecht.
De russesche Krich an der Ukrain huet dat Ganzt ugefeiert, et ass awer net den eenzege Gronn fir des Energiekris. D'Präisser ware scho virdrun héich: Mir kommen aus enger weltwäiter Pandemie, an onofhängeg dovun ass eng Energietransitioun am Gaang fir d'Europäesch Unioun bis 2050 ze dekarboniséieren - wëll heesche fort vu fossillen Energien, déi CO2 an domat de Klimawandel verursaachen.
Wat sinn an der Energiepolitik méiglech Léisunge fir déi ugespaante Situatioun, a wéi eng Lektioune sinn ze zéien ? Doriwwer schwätze mer a Kaarten op den Dësch: Invitéeë beim Jean-Claude Franck sinn:
Claude Turmes, Energieminister (déi gréng)
René Winkin, Direkter vum Industrielleverband Fedil (a fréier Generalsekretär vum Groupement Pétrolier)
Blanche Weber, Presidentin vun der Ëmweltassociatioun Mouvement Ecologique
Michel Reckinger, Patron vun engem Handwierksbetrib, Vize-President vun der Handwierkerfederatioun a President vum Patronatsdaachverband UEL
(Aus Termingrënn gouf d'Sendung um Freideg Nomëtteg opgeholl)
Episoden
Table Ronde virun de Chamberwalen: Klima a Logement
Mir schwätze mat Vertrieder vun zéng Parteien, déi den 8. Oktober untrieden.
Gemengewalen an der Stad
Diskussiounsronn mat Vertrieder vun den aacht Parteien, déi den 11. Juni mat komplette Lëschten an der Stad Lëtzebuerg untrieden.
Energietransitioun - ass Lëtzebuerg um gudde Wee?
Ëmmer méi Leit kafe sech en E-Auto oder denken iwwer eng Solaranlag no. Heescht dat och, datt Lëtzebuerg e Musterschüler a Saache Klimaschutz an Energieeffizienz gëtt?

Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?
A 36 Woche gi mir wielen. Et diskutéieren d'Fraktiounscheffe vun den dräi Majoritéitsparteien Gilles Baum (DP), Yves Cruchten (LSAP) a Josée Lorsché (déi gréng).

Wat muss an der Schoul änneren?
Eng Diskussiounsronn mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch, der Vanessa Schetgen vum SNE an der Joëlle Damé vum SEW
Schlechte Schüler: Episod 6
Am leschten Deel vun eiser Podcast-Serie geet et ëm sozial Inegalitéiten an eisem Schoulsystem.

État de la na...ture
Zwee Deeg virum État de la nation geet ët ëm den Zoustand vun der Natur hei am Land: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit?
État de la na...ture
Zwee Deeg virum État de la nation geet ët ëm den Zoustand vun der Natur hei am Land: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit?
Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?
Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Eng Diskussioun iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten.

D'Nowéie vun der Tripartite
An der Tripartite waren d'Diskussioune scho komplizéiert, duerno si se net vill méi einfach ginn: Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak" bleift ëmstridden.
D'Nowéie vun der Tripartite
An der Tripartite waren d'Diskussioune scho komplizéiert, duerno si se net vill méi einfach ginn: Dee sougenannte "Solidaritéits-Pak" bleift ëmstridden.
Ronndëschgespréich iwwer d'Energiekris
Wéi eng Léisunge gëtt et zu Lëtzebuerg fir déi héich Energiepräisser ? Kuerzfristeg a mëttelfristeg ? Eng Diskussioun mat concernéierten Acteuren.
Wéi gesinn déi Kulturschafend Esch2022 eng Woch virum Start?
Et diskutéieren d'Nancy Braun, Generaldirectrice Esch2022, de Kënschtler Théid Johanns an de Responsabele fir de Kanner- a Jugendprogramm vum Escher Theater, Francis Schmit.

Corona-Impfflicht, jo oder nee?
Et diskutéieren: d'Julie-Suzanne Bausch, Presidentin Eethikrot; de Gilbert Pregno, President Mënscherechtskommissioun; den Dr. Gérard Schockmel; de Jurist Jean-Jacques Schonckert.
- 1
- 2