E Sonndeg, de 24. Februar proposéieren d'Amis de L'OPL am Kammermusekssall e Concert Apéritif mam Quatuor du Luxembourg. Dësen Ensembel mat Museker aus dem OPL interpretéiert Wierker vun den dräi éisträichesche Komponiste Joseph Haydn, Wolfgang Amadeus Mozart a Fritz Kreisler.
De Luc Boentges huet mam Braatschist Aram Diulgerian a mam Cellist Ilia Laporev iwwer dëse Concert geschwat.