Haut (05.05.) um Méindeg Moien annoncéiert d’Philharmonie hir nei Saison an enger Pressekonferenz. An deem Kontext ass et Noriicht, datt am Oktober e jonke Lëtzebuerger Dirigent säin Debut mat de Lëtzebuerger Philharmoniker feiert: Den David Daubenfeld wäert bei de lëtzebuergesche Kannerconcerten dirigéieren a gëtt direkt op zwee Concerten den Takt un am "De Pierchen an de Wollef" vum Sergei Prokofjew.
De 4. Mee krut de Lëtzebuerger Museker 30 Joer a steet domat nach zimmlech um Ufank vu senger Dirigentekarriär, déi am Stater Conservatoire ugefaangen huet. D'Lëtzebuerger Philharmonie ass awer net dat eenzegt Gebai an Europa, an deem hien e gréisseren Debut feiert. De Christophe Mirkes hat am Virfeld schonn e Gespréich mam David Daubenfeld geféiert, an deem Dir de jonken Dirigent kenneléiert.