De Repertoire fir d'Instrument Klarinett ass méi grouss, wéi een denkt. Allerdéngs bleift d'Kenntnis vun dëse Wierker virun allem vu Klarinettiste bekannt. D'Stéphanie Pochet, Professesch fir Klarinett um Stater Conservatoire, proposéiert e Concert ronderëm hiert Instrument zesumme mat Kolleegen aus dem Departement vun der Gei a Piano. Zu dësem Concert, den Dënschdeg 26. Februar 2019 um siwen Auer am Stater Conservatoire, huet de Manuel Ribeiro sech mat der Stéphanie Pochet, ënnerhalen.
arrow_back_ios